Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Dag vum Baam op der Schanz

Och dëst Joer huet den Gemengerot vun Bech d ‘Kanner aus dem Cycle 2.1 (1. Schouljoer) aus der Gemeng invitéiert, vir am Kader vum Dag vum Bam en neien Bam laanscht den Réimerwee bei der Kirch op der Schanz ze planzen. No enger kuerzer Ried vum Buergermeeschter Camille Kohn hunn d’Kanner dat och zesummen mat der néideger Ënnerstëtzung “in die Tat” ëmgesat. No dem Fototermin mat dem Léierpersonal, dem Fierschter an allen interesséierten Leit di de Wee dësen Moien op Schanz fonnt haten, huet den Gesank vun Hemstel vir di néideg Stäerkung vun kleng a grouss am Veräinsbau gesuergt.