Wählen Sie Ihre Nachrichten​

1. Spuetestech vum neien Wassertuerm op der Schanz

Viru kuerzem konnten die Gemengeverantwortlech aus em Schäffen an Gemengerot vun der Gemeng Bech, an der Präsenz vun der Mme Minister Carole Dieschbourg, den Deputéierten Françoise Hetto-Gaasch an Tess Burton, den Buergermeeschteren an Schäffen aus den Nopeschgemengen, den Fieschteren, den Bierger aus der Gemeng di den Terrain un Gemeng verkaf hunn an den Vertrieder vun den zoustännegen Architekten an Ingénieursbüroen zum gemeinsamen 1. Spuetestech vir den Bau vum Waassertuerm zesummen kommen.
Den neien Waassertuerm ass ënnert der Zesummenaarbecht vum Architektebüro Beiler & François Architectes aus der Stad an dem Ingenieursbüro Daedalus Engineering vun Hiefenech entworf an konzeptionéiert ginn. Den Tuerm gëtt direkt nieft dem Dépôt vun der Ponts & Chaussées op der Schanz gebaut. Well den Site an engem Beschgebidd leit, gouf vum Planungsbüro pact vun Gréiwemaacher eng Etude duerch gefouert, di sécher gestallt huet, datt keen negativen Impakt op d ‘Ëmwelt géif entstoen. Hei ass bspw. zesummen mat enger Expert an dem Fieschter sécher gestallt ginn, datt Flantermais net duerch de Projet kennen an Matleedenschaft gezunn ginn.
Den neien Waassertuerm wäert eng weider architektonesch “Landmark” an der Regioun duer stellen.
Nodeems den Buergermeeschter Camille Kohn d ‘Invitéen begréisst huet an op den Historique vun der Planung agaangen ass, koum zum gemeinsamen éischten Spuetestech vun den Inviteë. Duerno huet Mme Minister Carole Dieschbourg an hirer Ried op d ‘Wichtegkeet vun der Waasserversuergung an d ‘Importenz vun dësem Projet vir d’Gemeng higewisen.
Am Uschloss hunn die Gemengeverantwortlech op den Éierewäin an den Veräinsbau op d’Schanz invitéiert.