Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Schein oder Sein
Lokales 10.11.2018 Aus unserem online-Archiv

Schein oder Sein

Calella de Palafrugell

Schein oder Sein

Calella de Palafrugell
Foto: Fränk Strock
Lokales 10.11.2018 Aus unserem online-Archiv

Schein oder Sein

A sengem "Wegweiser" zum 32. Sonndeg am Joreskrees mécht de Fränk Strock den Ënnerscheed tëscht deem, wat mir wierklech solle sinn, an deem, wat mir muenchmol wëllen oder schéngen ze sinn.

Virun engem gudde Joer war ech op eng Priisterwei op Barcelona. Fir dësen Ulass hat ech mol eng Kéier en Hiem mat réimeschem Col ugedoen. Glunge ware fir mech déi sëllechen Dieren, déi mir mat däer Kleedung opgaange sinn. „Kleider machen Leute!”


Alle unsere Wegweiser im Überblick
Wegweiser für die Woche - so nennt  sich eine Rubrik auf wort.lu, die wir jedes Wochenende online stellen. Darin finden Sie einen spirituellen Gedanken, einen wertvollen Wegweiser für die Woche.

Wa Kleedung den Ausdrock vu menger Perséinlechkeet ass, da stellen ech mir d'Fro: Sinn ech dat?

Jo, zum Deel sinn ech dat och!

D'Evangelium vun dësem Sonndeg invitéiert eis, eis net drop anzeloossen, de Schäin iwwer d'Sinn ze stellen: Eigentlech dierfe mir an der Gemeinschaft vun de Frënn vu Jesus sinn, wéi mer sinn. Déi aarm Fra, déi dat Bëssen affert, wat se huet, ass éierlech mat sech a Gott.

An eiser Zäit a Gesellschaft gëtt oft vun eis verlaangt, verschidde Rollen z'iwwerhuelen: an der Famill, am Beruffsliewen, an enger Associatioun, a verschidde Frëndeskreesser, am Stroosseverkéier an an eiser Kierch. Dee Spagat bréngen déi eng besser fäerdeg an anerer manner gutt. An dach stellt sech erëm d'Fro: Si mir dat wierklech? Dierfe mir eis eege Personalitéit liewen? A wéi gi mir mat deem ëm, dee keng friem Roll wëll spillen?

Am Naziprisong huet den Dietrich Bonhoeffer e Gedicht mam Titel geschriwwen: „Wer bin ich?” (vertount vum Siegfried Fietz - Von guten Mächten 1). De Kontakt am Prisong mat Matgefaangenen, Giischtercher a Pengeger, ma och d'Elengsinn an d'Gebied, hunn hie méi no u Gott bruecht, a sou hält dat Gedicht op mat de Wieder:

„Wer bin ich? Einsames Fragen treibt mit mir Spott. Wer ich auch bin, DU kennst mich, Dein bin ich, o Gott!”

* Den Auteur ass stännegen Diakon

- Alle "Wegweiser"-Texte finden Sie in unserem Dossier.