Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Iwwert eis Sprooch

Iwwert eis Sprooch

Foto: Gerry Huberty
Lokales 2 Min. 27.02.2014

Iwwert eis Sprooch

D’Artikelen am Wort vum 24. Februar iwwert eis Sprooch, däerf een net esou ouni Reaktioun laanscht goe loossen. 1. Wat d’Form ugeet: Op 3 grousse Säiten gëtt iwwer eis Nationalsprooch geschriwwen, ouni een eenzegt Wuert op lëtzebuegesch.

D’Artikelen am Wort vum 24. Februar iwwert eis Sprooch, däerf een net esou ouni Reaktioun laanscht goe loossen.

1. Wat d’Form ugeet: Op 3 grousse Säiten gëtt iwwer eis Nationalsprooch geschriwwen, ouni een eenzegt Wuert op lëtzebuegesch. Dat ass dach de Clou! D’Fro stellt sech: Kënnen déi Redaktere kee Lëtzebuergesch, oder ass dat esou express vun hinne gewollt? Ech ka mer z. B. net virstellen, datt d’Mme Goetzinger den Intervieuw op däitsch gemaach huet. Et kritt een d’Impressioun, de Lëtzebuerger wier en Exot. Néierens op der Welt géif am eegene Land laang a breed an enger anerer Sprooch iwwer déi eege geschriwwe ginn!

2. Iwwer de Fong: Datt d’Lëtzebuergescht an eisem Land allgemeng vill gebraucht gëtt, dat stëmmt! Hir Entwécklung awer schéngt mir an eng Direktioun ze goen, déi d’Iwwerliewe schwéier mécht. Wa mir fréier am Ausland gefrot gi sinn, wat eis Sprooch wier, dann hu mir ëmmer gesot: Et ass eng Sprooch mat däitschen Originen, mat enger Integratioun vu ville franséischen an heiansdo englesche Wieder.

Dat huet awer changéiert.

Haut, wou 80 % vun den autochtone Lëtzebuerger déi däitsch TV kucken, gesäit een, datt lues a lues dat Franséischt an eiser Sprooch verschwënnt.

Beispiller: Asphalt-Godrong; Entscheedung-Decisioun; Schauspiller-Acteur; Fernseh-Televi᠆sioun; Velosfuerer-Cyclist; Autos᠆course-Autosrennen.

Ech sinn iwwerzeegt, datt an 20 Joer kee Kand méi an eng Crèche geet, mee an eng Kita. Och eis typesch lëtzebuerger Wieder verschwannen no an no:

Beispiller: schnell-séier; oft-dacks; seitdem-zënterhir; ab und zu-heiansdo; Eckball- Corner; anstatt-amplaz.

Et ass evident, datt op laang Siicht just nach d’Intonatioun vun eiser Sprooch lëtzebuergesch bleift, mee datt se engesdaags nëmmen nach en däitschen Dialekt gëtt. Domat kann ee liewen, well esou wéi et leeft, ass déi heiteg franséisch Kultur kee Virbild méi fir Lëtzebuerg (wat zum Deel de Fransousen hir eege Schold ass), net ze schwätzen vun hirer Economie déi jo, wéi ee gesäit, ferm stagnéiert.

T’ass schued, mee mir mussen et agesinn:

Eis Partikularitéit wäert fleete goen.

Alphonse Cruchten (acru@pt.lu)