Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Haut gëtt de Blasiussegen ausgedeelt: Wegweiser fir den 5. Sonndeg am Joereskress
Lokales 2 Min. 03.01.2018 Aus unserem online-Archiv

Haut gëtt de Blasiussegen ausgedeelt: Wegweiser fir den 5. Sonndeg am Joereskress

De Brauch vum Blasiussegen, deen Halswéi an aner Halskrankheeten verhënnere soll, geet bis an d’16. Joerhonnert zréck.

Haut gëtt de Blasiussegen ausgedeelt: Wegweiser fir den 5. Sonndeg am Joereskress

De Brauch vum Blasiussegen, deen Halswéi an aner Halskrankheeten verhënnere soll, geet bis an d’16. Joerhonnert zréck.
Foto: Joachim Schäfer - Ökumenisches Heiligenlexikon
Lokales 2 Min. 03.01.2018 Aus unserem online-Archiv

Haut gëtt de Blasiussegen ausgedeelt: Wegweiser fir den 5. Sonndeg am Joereskress

Anne CHEVALIER
Anne CHEVALIER
De Segen ass souzesoen eng Erënnerung an eng Bekräftegung vun der Präsenz vu Gott an der Welt, schreiwt den René Schumacher.

Haut am 3. Februar, gëtt a ville Kierchen de Blasiussegen ausgedeelt. Als Kand war ech vun dëser Handlung ëmmer faszinéiert. Wann de Paschtouer zwou Käerzen gekräizt, mir déi virun d’Gesiicht gehalen an eng, mir onverständlech, latengesch Formel opgesoot huet, da war daat fir mech irgendwéi schon e geheimnisvollen, quasi magesche Moment.

Säin Numm huet dëse Segen iwwregens vun engem Bëschof, deen am 3. respektiv 4. Joerhonnert gelieft huet. Enger Legend no, soll den Hellege Blasisus e Kand, wat eng Sprenz verschléckt haat, virum sécheren Doud duerch Erstécke gerett hunn. De Brauch vum Blasiussegen, deen Halswéi an aner Halskrankheeten verhënnere soll, geet bis an d’16. Joerhonnert zréck.

Mee waat erhoffen ech mir iwwerhaapt vun esou enger Segenshandlung a waat méngt d’Kierch domadder, wann e Géigestand oder e Mënsch geseent gëtt? „Benedictio“ ass daat latengescht Wuert fir de „Segen“ a setzt sech aus de Wierder „bene“ an „dicere“ zesummen. Wuertwiertlech iwwersaat ass e Segen also „engem ëppes Guddes soen“. Déi Persoun, déi geseent gëtt, kritt domadder d‘Unerkennung an d‘Wäertschätzung duerch den Härgott zougesprach.

De Segen ass souzesoen eng Erënnerung an eng Bekräftegung vun der Präsenz vu Gott an der Welt, vu senger positiver Astellung zu senger Schöpfung a vu senger Léift zu alle Mënschen. Bei enger Segenshandlung steet ëmmer déi ganz perséinlech Bezéiung tëscht Gott a Mënsch am Mëttelpunkt. Dofir gëtt z.B. beim Blasiussegen och jiddereen eenzel geseent fir ze weisen, dass jidderee perséinlech wäertvoll a wichteg ass. Doduerch, dass ech mech seene loossen, ginn ech net zu engem anere Mënsch.

Ech ginn net immun géint Krankheeten an ech kréien doduerch och keng iwwernatierlech Kräften a Fähegkeeten. Duerch de Segen gëtt meng ganz perséinlech Relatioun zu Gott bekräftegt an „en évidence“ gesaat. Ech gi, mat Wierder a mat Gesten, drun erënnert, dass den Härgott mech gäeren huet a mech op mengem Liewenswee begleed.

Am Prinzip wees ech daat jo. Als Chrëscht glewen ech daat. Mee et deet gutt, wann ech heiansdo drun erënnert ginn …

René Schumacher, Diakon, Par Beetebuerg-Fréiseng Saint-André a Par Hesper-Réiser-Weiler Disciples d'Emmaüs

- Aner "Wegweiser" an desem Dossier.