Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D‘Wüste steet fir Rou: Wegweiser fir den 1. Faaschtesonndeg
Lokales 17.02.2018 Aus unserem online-Archiv

D‘Wüste steet fir Rou: Wegweiser fir den 1. Faaschtesonndeg

D’Wüste ass symbolesch déi Plaz, wou de Mënsch no Gott sicht.

D‘Wüste steet fir Rou: Wegweiser fir den 1. Faaschtesonndeg

D’Wüste ass symbolesch déi Plaz, wou de Mënsch no Gott sicht.
Foto: Emmanuel Lubetzki
Lokales 17.02.2018 Aus unserem online-Archiv

D‘Wüste steet fir Rou: Wegweiser fir den 1. Faaschtesonndeg

D’Wüste steet domadder symbolesch fir d’Faaschtenzäit an der et am Prinzip jo och drëms geet, de Bléck ze schärfen fir dat, wat wierklech wichteg ass, erklärt den René Schumacher.

An de Lesungen vum 1. Faaschtesonndeg begéinen eis zwee ganz ënnerschiddlech Symboler: am Buch Genesis ass et Zeeche vum Reebou an am Markusevangelium ass et d’Wüste. De Reebou ass d‘Symbol vun der Verbindung tëschend zwee Welten an domadder och vun der Verbindung tëscht Gott an de Mënschen. De Reebou verbënnt zwee Elementer mateneen: d’Waasser an d’Sonn, de Reen an d‘Liicht. Nëmmen do, wou déi zwee gläichzäiteg sinn, nëmmen do entseet och e Reebou mat senge wonnerschéine Fuerwen. All dës Fuerwen, eenzel geholl, sinn u fir sech nees Symboler fir eis mënschlech Gefiller, fir eist Liewen: rout fir d’Léift, gréng fir d’Hoffnung, giel fir Freed a violet fir d’Trauer.

Esou symboliséiert an der Bibel de Reebou d’Verbindung tëschent Himmel an Äerd. De Reebou steet wéi eng Bréck tëscht Gott an de Mënschen. Wéi eng Bréck tëscht Gott an de Mënschen, ass fir eis Chrëschten och de Jesus. Éier de Jesus bei d‘Mënschen geet fir hinne vum Härgott ze erzielen, geet hien fir d’éischt 40 Deeg laang an d’Wüste. De Wee an d’Wüste ass d’Erfahrung vun der Einsamkeet, der Stëllt, den Extremen, der Hëtzt, der Keelt, der Onendlechkeet …

D’Wüste ass symbolesch déi Plaz, wou de Mënsch no Gott sicht. D’Wüste steet fir Besënnung op dat, wat liewensnoutwëndeg ass. D‘Wüste steet fir Rou, d‘Wüste steet fir Lauschteren op all déi lues Téin, déi een am Kaméidi vum Alldag esou liicht iwwerhéiert. D’Wüste steet domadder symbolesch fir d’Faaschtenzäit an der et am Prinzip jo och drëms geet, de Bléck ze schärfen fir dat, wat wierklech wichteg ass.

René Schumacher, Diakon, Par Beetebuerg-Fréiseng Saint-André a Par Hesper-Réiser-Weiler Disciples d'Emmaüs

- Aner "Wegweiser" an desem Dossier.



Lesen Sie mehr zu diesem Thema

Dat, fir wat mir stinn
Fir datt d‘Kand och weiderhin dat wonnerbaart Geschenk ass, dat aus der Léift vu Mann a Fra entsteet...
19.03.12  illustration familie famille nachwuchs saeugling , kind kleinkind, demographie, bebe, baby, bevoelkerung, photo: Marc Wilwert
Wegweiser zum 23. Sonntag
„Effata“ Maach dech op. De Jesus seet et engem Dafstommen, fir dass hien erëm héieren a schwätze soll. Firwat sinn des Wieder esou genau iwwerliwwert ginn?