Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2017
Lokales 4 Min. 11.03.2017 Aus unserem online-Archiv
„Voll Hoffnung a Vertrauen op Ouschteren zou!“

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2017

Mir trieden an e neie Moment vun eiser Kierchegeschicht an.
„Voll Hoffnung a Vertrauen op Ouschteren zou!“

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2017

Mir trieden an e neie Moment vun eiser Kierchegeschicht an.
Foto: Guy Jallay
Lokales 4 Min. 11.03.2017 Aus unserem online-Archiv
„Voll Hoffnung a Vertrauen op Ouschteren zou!“

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2017

Anne CHEVALIER
Anne CHEVALIER
Léif Schwësteren, léif Bridder, erlaabt mer – wéi all Joer um Ufank vun der Faaschtenzäit – d’Wuert un Iech ze riichten. Dëst Joer ass e wichtegt Joer fir eis Kierch. Um Ufank vun der Oktav hiewen ech all eis fréier Poren hei am Land op an erriichte si als 33 nei Pore mat 6 Dekanater.

Léif Schwësteren, léif Bridder, erlaabt mer – wéi all Joer um Ufank vun der Faaschtenzäit – d’Wuert un Iech ze riichten.

Dëst Joer ass e wichtegt Joer fir eis Kierch. Um Ufank vun der Oktav hiewen ech all eis fréier Poren hei am Land op an erriichte si als 33 nei Pore mat 6 Dekanater.

Dës Neiuerdnung vun eiser Porlandschaft ass d’Resultat vun engem laange Prozess. Mäi Virgänger am Bëschofsamt hat déi 274 Pore schonns a 57 Porverbänn zesummegefaasst. Awer d’Erosioun ass an der Kierch weidergaangen, a mir hunn haut net méi Geeschtlech a pastoral Mataarbechter genuch, fir d’Porverbänn all ze besetzen. Déi realistesch Aschätzung war dann den Ufank vu ville Gespréicher, Versammlungen, Sëtzungen a Formatiounen, déi sech iwwer méi wéi 3 Joer higezunn hunn. Dobäi huet sech erausgeschielt, datt mir en neien Ufank brauchen. Op déi Zuel vun 33 Pore si mir no laange Concertatiounen um Terrain komm. Dobäi ass och däitlech ginn, datt Verännerungen Angscht maachen an zu Veronsécherungen an Onversteesdemech féiere kënnen.

Ech huelen dës Verstëmmunge ganz eescht, mä ech wëll net, datt mir dobäi stoe bleiwen. Villméi wëll ech all deene Merci soen, déi sech bei dësen Echangen an hirem Porverband matabruecht hunn. Dir hutt vill gutt a konstruktiv Virschléi gemaach fir eng Pastoral, déi an d’Zukunft geriicht ass. Wann d’Zuel vun de neie Poren och reduzéiert gëtt, esou heescht dat awer net, datt d’Kierch sech ëmmer méi zréckzitt an ëmmer méi wäit vun de Menschen ewechréckelt.

Déi nei Pore sinn eng Chance, fir äis nei opzestellen, fir d’Erausfuerderunge vun der Zäit mat neiem Schwong a mat neien Iddien unzegoen. D’Zäit, wou eis Lëtzebuerger Gesellschaft an hirer Ganzheet vum Chrëschtentum beaflosst war, ass eriwwer. De Kär, deen d’Mëtt vun eiser Kierch ausmécht, déi Zuel vu Katholiken, déi un der Sonndesmass aktiv deelhuelen, gëtt op ville Plazen erschreckend kleng.

D’Trennung vu Kierch a Staat huet zousätzlech fir vill Onrou gesuergt an huet och vill Angscht provozéiert. Mä méi grouss wéi eis Ängschten ass awer eise Glawen un den dräieenege Gott. Mir hunn de Glawen, datt mer all an dem Herrgott senger Hand gebuerge sinn. Mir hunn de Glawen u Jesus Christus, dee vun den Doudegen operstanen an an eiser Kierch lieweg ass. Mir hunn de Glawen un den Hellege Geescht, deen eis Kierch féiert. Duerfir ass elo net d’Zäit, fir ze jéimeren an ze kloen, et ass net d’Zäit, fir no hannen ze kucken a Sklave vun eiser Geschicht ze ginn! Et ass d’Zäit, fir äis vum Herrgott a seng Zukunft eraféieren ze loossen!

Duerfir bieden ech Iech, fir dës Faaschtenzäit intensiv ze liewen. Faascht a biet fir d’Erneierung vun eiser Kierch zu Lëtzebuerg! Loosse mer dës Zäit notze fir Ëmkéier a Bekéierung. Loosse mer dës Zäit notze, fir nees unzefänken, méi ze bieden, loosse mer dës Zäit notze fir de Kräizwee, fir Zäite vun Adoratioun an eise Poren. Wier net elo och eng Geleeënheet, fir d’Dëschgebiet nees anzeféieren? Loosse mer äis nees ëffentlech zu eisem chrëschtleche Glawe bekennen! Loosse mer d’Gottesdéngschter vun der Karwoch a besonnesch vum Ouschtertriduum: Gréngendonneschdeg, Karfreideg an d’Ouschternuecht, aktiv matfeieren! Wat den eenzelne Chrëscht méi mat Gott verbonnen ass, wat eis Kierch als Ganzt méi Témoignage ofleeë kann. D'Hellegung vum eenzelne Chrëscht déngt der Hellegung vun der Kierch. Traut Iech, fir mat engem Paschtouer e Beichtgespréich ze féieren, wot en Neiufank vun Ärem Liewen! D’Faaschtenzäit ass d’Geleeënheet, mat der Flemm opzehalen, opzehalen alles schlecht ze rieden, et ass d’Geleeënheet, fir äis nees un der Léift vum Herrgott unzedocken.

Mir trieden an e neie Moment vun eiser Kierchegeschicht an. A finanzieller Hisiicht kënne mir äis net méi alleng op de Staat an op d’Gemenge stäipen. Mir mussen äis vill méi staark selwer finanzéiere wéi an der Vergaangenheet. Duerfir hu mir d’Fondatioun Sainte Irmine. Mir brauchen Är finanziell Hëllef, fir pastoral Projeten an eiser Äerzdiözees an och an eise neie Poren ze erméiglechen. Ee vun de wichtegsten dovunner ass d’Katechees. Ech soen all deenen Equipë Merci, déi sech an dëse Méint forméiere loossen, fir datt am Hierscht kann eng Katechees an de neie Poren ugebuede ginn.

Mä mer brauche méi wéi Suen. Ob an der eenzelner Kierch nach Liewen ass, hänkt net alleng um Paschtouer. Mir brauche vill Fräiwëlleger, déi sech an der Kierch engagéiere fir deen een oder deen aneren Déngscht. All fräiwëllegen Déngscht, och wann en nach esou kleng ass, ass wëllkomm. Den Défi vun de neie Poren a vun der Katechees halen äis nach vill Joeren op Trapp. Den Herrgott gëtt äis, op d’Firsprooch vun eiser Tréischterin, d’Kraaft, fir dës Défië mat Freed unzehuelen. Loosse mer äis also voll Hoffnung a Vertrauen op de Wee vum Ouschterfest maachen.


Lëtzebuerg, den 20. Februar 2017

+ Jean-Claude Hollerich Äerzbëschof vu Lëtzebuerg


Lesen Sie mehr zu diesem Thema

Äntwert op de Lieserbréif vum Bill Wirtz vum 22. Oktober „Mat gréngen Horrorszenarie mat de Gefiller vun de Leit spillen. D'Angscht virun der Atomenergie gëtt äis an d'Ëmwelt eng deier“.
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2016
Léif Schwësteren a Bridder! D’Faaschtenzäit an dësem Joer ass eng ganz besonnesch Faaschtenzäit. Wëll dat Hellegt Joer vun der Barmhäerzegkeet, dat stellt eis dës Zäit méi staark wéi soss nach an d’Liicht vun der Barmhäerzegkeet vu Gott.
An dësem Hellege Joer feiere mir och nach den 350. Jubiläum vun der Erwielung vun der Muttergottes zu der Patréinesch vun der Stad.
Bëschofswuert fir d'éischterlech Bousszäit 2015
"Ouschteren ass duerfir ëmmer en neien Départ. Mir maachen dat als Kierch och an engem neie Kontext." Dat ass den Thema vum Bëschofswuert.
Wappen, Erzbischof Hollerich