Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wien kritt de Kulturpräis 2013?
Kultur 18.09.2013 Aus unserem online-Archiv

Wien kritt de Kulturpräis 2013?

Wien kritt de Kulturpräis 2013?

Kultur 18.09.2013 Aus unserem online-Archiv

Wien kritt de Kulturpräis 2013?

De Kollektiv Richtung22 huet  d'Éier, Iech op déi alljährlech, feierlech Iwwerreechung vum national renomméierte Kulturpräis z'invitéieren.

De Kollektiv Richtung22 huet, zesummen mam Ministère Théâtral du Tourisme et des Classes Médiocres, d'Éier, Iech op déi alljährlech, feierlech Iwwerreechung vum national renomméierte Kulturpräis z'invitéieren. Kommt laanscht, Iech Äre wuelverdéngte Präis ofhuelen: den  18., 19.  an 20. September 2013 jeeweils um 20 Auer am Théâtre national du Luxembourg. (194, route de Longwy / L-1940 Luxembourg).  D'Show ass eng gutt Stonn laang an op lëtzebuergesch.

Dir hutt zum Kulturprogramm 2012/13 näischt bäigedroen? Kee Problem, mir och net! Mä hei däerf jiddereen dobäi sinn. Eng spannend Moderatioun leed duerch e sënnlosen Owend, op deem een vill iwwer Konscht, Theater an aner Beschäftegungstherapien léiere kann.

Matt sengem mëttlerweil véierten satiresche Theaterstéck start de jonke Kollektiv Richtung22 an déi nei Saison. Des Kéier steet d'Fro am Zentrum, op Konscht och ouni Konscht, Kultur och ouni Kultur funktionéiere kann: an dat mat iwwerraschende Resultater.