Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Serge Tonnar: „De Bopebistro ass de Facebook vu fréier“
Kultur 3 Min. 11.11.2012

Serge Tonnar: „De Bopebistro ass de Facebook vu fréier“

Ganz zum Schluss im Unterhemd: Serge Tonnar im Café Muller-Feyder.

Serge Tonnar: „De Bopebistro ass de Facebook vu fréier“

Ganz zum Schluss im Unterhemd: Serge Tonnar im Café Muller-Feyder.
Foto: Marc Thill
Kultur 3 Min. 11.11.2012

Serge Tonnar: „De Bopebistro ass de Facebook vu fréier“

„Bei engem Humpen an enger Drëpp, Sprangen d’Bopen dem Doud vun der Schëpp“ sengt de Serge Tonnar a sengem batter-séisse „Bopebistro“-Lidd. Aus dësem ass eng Tournée ginn an elo och nach e Buch, dat dëse Méindeg am Café Schaack zu Miersch offiziell virgestallt gëtt.

Interview: Vesna Andonovic

„Bei engem Humpen an enger Drëpp, Sprangen d’Bopen dem Doud vun der Schëpp“ sengt de Serge Tonnar a sengem batter-séisse „Bopebistro“-Lidd. Aus dësem ass eng Tournée ginn an elo och nach e Buch, dat dëse Méindeg am Café Schaack zu Miersch offiziell virgestallt gëtt. Virdrun huet den Serge Tonnar eis probéiert ze erklären, firwat et bei ëmmer méi Bopen me ëmmer manner Bopebistroen ginn a wéi Poesie an Humor hir Plaz an eeschten Theme fannen.

  • D'Statistike beleeën, dass d'Lëtzebuerger Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt: Et gëtt deemno ëmmer méi Bopen – a Bomen. Firwat ginn et dann ëmmer manner Bopebistroen?

De Bopebistro ass en ökonomesche Modell, deen um Ausstierwen ass. Meeschtens ass dësen Duerfbistro vun der Fra gefouert ginn, souzeson doheem an der Stuff, während de Mann z.B. de Baurebetrib gefouert huet. De Bistro ass meeschtens zanter Generatiounen an der Famill, déi Jonk wëllen a kënnen en awer meeschtens net weiderféieren, well et net duergeet fir dovun ze liewen. Si wäerten also all aus eisem Patrimoine verschwannen, ausser de Staat kënnt op déi gudd Iddi, de Bopebistro, als kulturell Institutioun, ze subventionéiren.

  • D'Idee zu Bopebistro-Tour ass aus Ärem Lidd, dat de selwechten Titel dréit, entstan. Wat huet Iech deemools dozou inspiréiert?

Den Text ass inspiréiert vun engem Bistro deen ech selwer besicht hunn, dat war d'Pëpp am Pabeierbierg, tëscht dem Lampertsbierg an der Millebaach. De Bistro steet awer och symbolesch fir all déi kleng Kommerzer déi verschwannen, zugonschte vu Banken an internationale Chainen.

  • Ären Text ass ganz poetesch, klengt souguer plazeweis bal lëschteg, dobäi geet et awer, mam definitiven Ausstierwe vun engem Deel Lëtzebuerger Traditioun, em en zimlech eescht Thema...

Poesie an Humor si mäin Handwierksgeschier, och fir u méi eescht Themen erunzegon.

  • Dir hudd selwer zwee Bouwen am Teenageralter. Wëssen si nach, wat e Bopebistro ass a wéi gesinn si dës Institutioun: mat Interêt, Nostalgie oder ...?

Meng Bouwe sinn, zanter der Bopebistro Tour, bopebistrogeschiedegt, si wëssen also méi driwwer wéi se vläicht wësse wollten. D'Concerten hunn hinnen op alle Fall gudd gefall, fir de Rescht misst Der se bal selwer fron.

  • Wéi koum Eent zum Aneren, dass och nach e Bopebistros-Buch doraus ervirgaang ass. Wat bedeit et eigentlech fir Iech, dëst Buch an Hänn ze halen? Wat soll et beschtefalls bewierken?

D'Sonia da Silva vun den Editions Saint-Paul ass mat der Iddi komm, dunn hu mer zesummen um Konzept geschafft. Et ass e wonnerbart Gefill ze gesinn, wéi e klengt Liddchen Knippserten, Schreiwerten an Zeitungsleit inspiréiert huet, eng eegen Aarbecht zu deem Thema ze maachen. D'Buch, an de Film derzou, ass e Monument fir d'Bistroen, an déi Leit, déi do nach liewen a schaffen. Ech hoffen, dass et d'Leit inspiréiert, dës oder ähnlech Lokaler an hirer Géigend ze besichen, an dass d'Gesellschaft an d'Politiker sech Gedanke maachen doriwwer wat et gëllt virum sougenannte Fortschrëtt ze beschützen.

  • Dir loosst mat Äre Bopebistrosgespréicher och d'Wiertsleit zu Wuert kommen: Wat ass hiren Haapttenor?

D'Wiertsfra war am Duerf eng Institutioun, souzeson d'Nummer 3, nom Buergermeeschter an dem Paschtouer. An de Gespréicher erkennt ee firwat dat sou war, einfach Leit, déi erzielen an nolauschtere kënnen. Am Bistro ass d'Welt verbessert ginn, de Facebook vu fréier. Déi Zäiten, wou ee Freed a Leed mat dëse Leit gedeelt huet, ginn op en Enn, och dat erkennt een an de Gespréicher.

„Bopebistrobuch“ mat Texter, Reportagen, Fotoen an enger DVD, Editions Saint-Paul/MASKéNADA, 152 Säiten, 24x24 cm, Gebonnen, ISBN: 978-2-87963-897-3, 29 Euro.


Lesen Sie mehr zu diesem Thema

"Bei engem Humpen an enger Drëpp"
"Wir brauchen noch Stühle", ruft Ketty in die Hinterstube. Die Wirtsfrau hat an diesem Abend alle Hände voll zu tun. Eine Band spielt in ihrem Café. Und das will sich keiner hier entgehen lassen.