Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Pro und Contra: "Ofgeschminkt" von Marc Olinger – sehenswert?
Szene aus "Ofgeschminkt": Marc Olinger gibt Einblicke in ein Schauspielerleben

Pro und Contra: "Ofgeschminkt" von Marc Olinger – sehenswert?

Foto: Serge Hoffmann
Szene aus "Ofgeschminkt": Marc Olinger gibt Einblicke in ein Schauspielerleben
Kultur 23.10.2014

Pro und Contra: "Ofgeschminkt" von Marc Olinger – sehenswert?

Unser Theaterkritiker Ronny Steinmetz hat sich die neue Produktion "Ofgeschminkt" von Marc Olinger angeschaut. Ist sie wirklich sehenswert? Hier seine Kurzkritik ...

Wann de Marc Olinger an de Jemp Schuster fir e Projet zesummeschaffen, sinn d'Erwaardungen natierlech enorm. Zurecht, well d'Resultat ass absolut iwwerzeegend.

PRO

Witzegen Text vum Jemp Schuster. Bal perfekt Schauspilleresch Leeschtung vum Marc Olinger. Melancholesch Musekspassagen vum Georges Urwald, déi duerch de Kontrast den Humor nach verstäerken. Interessant Abléck an d'Néit an de Funktionnement vun der aktueller Lëtzebuerger Theaterszene.

CONTRA

Kaum eppes ze bemängelen. Héchstens een, dee sech séier perséinlech ugegraff fillt an zu enger vun de beschwatene Gruppe gehéiert, kéint eventuell getouft ginn.

Wertung: ****    

(0= miserabel, 1=schlecht, 2=mëttelméisseg, 3= gutt, 4=excellent)

Méi ausféierlech Gedanken zum Stéck op de Kultursäite vum Luxemburger Wort vum 24. Oktober.

Weider Virstellungen de 24.10. am Mierscher Kulturhaus, den 28. an 29.11. am Ale Kino zu Veianen, den 22. an 23.01.2015 an Neimënster am Stadgrond, den 31.01.2015 am Escher Theater, den 06.02.2015 am Centre ARCA zu Bartreng, den 06.03.2015 an der Biekerecher Millen, an den 03.04.2015 am Beetebuerger Schlass. Reservéierungen iwwer Luxembourgticket (Tel. 47 08 95-1, Internet:  www.luxembourg-ticket.lu)oder bei deene jeeweilegen Opféierungsplazen.