Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lëtzebuergesch richteg schreiwen

  • De kuerz geschwate Vokal a, i, o, u, ä, ü
  • De laang geschwate Vokal a, i, o, u, ä, ö, ü
  • De Vokal e an all senge Varianten: e, é, ë, ee
  • De Vokal e virum r
  • D'Vokalkoppelen
  • D'Konsonante b, c, d, f, g, h, j, k, l, m, n, p, q, r, s, t, v, w, x, z
  • Déi franséisch Wierder
  • Déi englesch Wierder
  • D'Verben
  • De kuerz geschwate Vokal a, i, o, u, ä, ü 1/9
  • De laang geschwate Vokal a, i, o, u, ä, ö, ü 2/9
  • De Vokal e an all senge Varianten: e, é, ë, ee 3/9
  • De Vokal e virum r 4/9
  • D'Vokalkoppelen 5/9
  • D'Konsonante b, c, d, f, g, h, j, k, l, m, n, p, q, r, s, t, v, w, x, z 6/9
  • Déi franséisch Wierder 7/9
  • Déi englesch Wierder 8/9
  • D'Verben 9/9

Lëtzebuergesch richteg schreiwen

Lëtzebuergesch richteg schreiwen

Lëtzebuergesch richteg schreiwen


21.11.2019

Déi aktualiséiert Basisreegele vun der offizieller Orthografie, ausgeschafft vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, fir jiddereen, deen eis Sprooch wëll schreiwe léieren.

1

De kuerz geschwate Vokal a, i, o, u, ä, ü
Link kopieren



1 Vokal       2 Konsonanten

De kuerz geschwaten a betounte Vokal fënnt am Prinzip schrëftlech ni e Gläichgewiicht mat de Konsonanten, déi hanner em stinn. Dat heescht, hanner dem eenzel geschriwwene Vokal stinn am Prinzip ëmmer zwee oder méi Konsonanten, fir datt de Vokal ka kuerz gelies ginn.

Ball, Grimmel, Konscht, Kopp, Rudder, Bäcker, Rücksicht, ...

  • D’Konsonanten ck an tz stinn nëmmen hanner engem kuerz geschwate Vokal: Fatz, Zack, Trick, Botz, Kluck, Wutz, ...
  • An onbetounte Silbe ginn d’Konsonanten hanner engem kuerz geschwate Vokal am Prinzip net verduebelt: Anorak, Lastik, ...
    Dat bleift am Prinzip och am Pluriel esou: Anoraken, Lastiker, ...
  • An den onbetounte Substantivendungen -al, -an, -el, -es, -in, -is, -us gëtt am Pluriel de Schlusskonsonant verduebelt: Journal / Journallen, Léierin / Léierinnen, Kaktus / Kaktussen, ...
  • A ville klenge gebräichleche Wierder gëtt de Konsonant net nom kuerz geschwate Vokal verduebelt: am, an, bis, dran, drop, drun, eran, erop, him, mam, mat, ob, op, um, un, vum, vun, zum
  • Bei zesummegesate Wierder gëtt gekuckt, ob op d’mannst ee Wuertdeel e lëtzebuergescht Wuert ass. Ass dat de Fall, gi béid Wuertdeeler no de Grondreegele behandelt: Hamm - bier, Witt - fra, ...




2

De laang geschwate Vokal a, i, o, u, ä, ö, ü
Link kopieren


Reegel 1

1 Vokal       1 Konsonant

De laang geschwate Vokal sicht am Prinzip, schrëftlech ëmmer e Gläichgewiicht ze fanne mat de Konsonanten, déi hanner em stinn. Dat heescht, steet 1 Konsonant hannendrun, geet 1 Vokal duer, fir datt de Vokal ka laang gelies ginn.

al, Kaz, schif, Viz, Bom, rosen, Tut, tuten, lämen, blöd, üben, ...

  • Bei zesummegesate Wierder gëtt all Wuert eenzel gekuckt. D’Konsonanten, déi duerch d’Zesummesetzung openeestoussen, ginn net zesummegezielt: Al - stad, Bam - stamm, Of - so, ...
    Den s, deen eventuell an der Mëtt vun esou enger Zesummesetzung steet, gëtt och net matgezielt: Schof - s - pelz, ...
  • De gehéierten i gëtt just an der Endung vu Wierder aus anere Sproochen -ie geschriwwen: Astronomie, Epicerie, Poesie, ...
  • Steet de laang geschwate Vokal an engem Wuert virun enger vun den Endungen: -bar, -chen, -haft, -lech, -lecht, -lek, -ling/-leng, -los, -nes/-nis, -sam, -schaft, da gëtt de Vokal schrëftlech net verduebelt, well dës Endungen als eegestänneg Wuertdeeler gesi ginn: Erlab - nis/Erlab - nes, Lib - ling, Bom - chen, Mär - chen, Tit - chen, wot - lech, üb - lech, …

 Reegel 2

2 Vokalen       2 Konsonanten

Stinn 2 Konsonanten (oder méi) hannerem laang geschwate Vokal, muss de Vokal duebel geschriwwe ginn, fir datt e ka laang gelies ginn.

Aarbecht, aalt, laachen, Biischt, Strooss, duuschtereg, geläämt, geföönt, geüübt, ...

  • Hanner engem laang geschwate Vokal stinn ni d’Konsonanten ck an tz.
  • D’Endungen -al, -am, -an, -än, -ar, -är, at, -bar, -id, -im, -in, -is, -iv, -log, -los, -ös, -sam, -ut ginn als eegestänneg Wuertdeeler betruecht an ënnerleie ganz normal de Reegele vum laange Vokal:
    en erhuelsamen Tour > en erhuelsaamt Fest
    e kostbare Bijou > e kostbaart Stéck
    en hoffnungslose Fall > en hoffnungsloost Zil


Reegel 3

Steet de laang geschwate Vokal um Enn vun engem Wuert, gëtt en ëmmer eenzel geschriwwen.

Fra, Schockela, Iddi, Auto, netto, Tabu



3

De Vokal e an all senge Varianten: e, é, ë, ee
Link kopieren



De gehéierte Vokal e schreift sech:

e a kuerzen a betounte Silben (den e kléngt hei wéi de kuerzen ä)

meckeren, Strenz, Teller, Wecker, ...

  • Dëse Laut gëtt am Prinzip mat e geschriwwen, et sief dann, d’Wuert ass ofgeleet vun engem lëtzebuergesche Wuert mat a oder ä, oder vun engem däitsche Wuert mat a, o oder ä. Da gëtt d’Wuert mat ä geschriwwen: Bäcker, Sänger, Schwämm, ...

e a kuerzen a onbetounte Silben

Buedem, Éislek, Heemecht, Himmel, Jongen, Musek, Wunneng, ...

  • Wann den e net betount ass, kënnt am Prinzip och keen Zeechen drop.

é a kuerzen a betounte Silben

Bréck, fréckelen, sécher, verréckt, ...

  • Den é steet just virun ch, chs, ck, ng, nk oder x.
  • Dës gebräichlech kleng Wierder ginn als Ausnamen ouni den Accent um e geschriwwen: ech, mech, dech, sech, meng, deng a seng

ë a kuerzen a betounte Silben

Bëbee, Fësch, ëstlech, këddelen, ...

  • Den ë steet ni virun ch, chs, ck, ng, nk oder x.
  • Dës gebräichlech kleng Wierder ginn als Ausnamen ouni Pinktelcher (Treema) geschriwwen: net, dem, den, der, em, en, en, er, es, et, mer, se
  • De kuerzen däitschen ö gëtt am Lëtzebuergesche konsequent ë geschriwwen: gëttlech, ëstlech, nërdlech, Vëlker, ...

ë a kuerzen a onbetounte Silben

gëeenegt, Jeeër, leeën,...

Dës Ausnam mat Pinktelcher um onbetounten e virun oder hannerun ee ass néideg, fir déi zwou ënnerschiddlech geschwat e-Silbe beim Liese kënne vuneneen ze ënnerscheeden.

ee a laangen a betounte Silben

bequeem, eeneg, Feeler, Kolleeg, konkreet, italieenesch, reenen, schweedesch, ...

  • Verschidde Friemwierder gi mat just engem e geschriwwen: Alphabet, Meter, ...
  • Bei Lännernimm gëtt an der Grondform den e net verduebelt: Jemen, Schweden, ...
  • Steet de laangen e an enger onbetounter Silb, gëtt en net verduebelt: kollegial, konkretiséieren, ...

ee an der laanger a onbetounter Endung vu Wierder

angeneem, Bëbee, Fräiheet, ...

Wann een sech net sécher bei der Aussprooch ass, kann een all d’Wierder op lod.lu lauschteren.




4

De Vokal e virum r
Link kopieren


no i oder u

Schwätzt een e Wuert mat laangem i oder u virum r aus, da rutscht iwwerem Schwätzen en e tëschent dës Vokalen an den r. Dëse schwaach gehéierten e gëtt och geschriwwen.

Bier, Buer, Dier, duerch, fuerderen, Gehier, (sech) ieren, Spuer, Tuerm, ...

  • Bei méisilbege Wierder, déi mat ur-/ Ur- ufänken oder mat -ur ophalen, kënnt keen e tëschent den u an den r: ural, Urteel, Urwald, Natur, Kultur, Temperatur, ...
    Dëse Prinzip gëllt fir dës Wierder och an Zesummesetzungen: verurteelen, ...


no ä

Schwätzt een e Wuert mat laangem ä virum r aus, da rutscht och hei iwwerem Schwätzen en e tëschent dëse Vokal an den r. Dëse schwaach gehéierten e gëtt och geschriwwen, awer just dann, wann nom r nach e weidere Konsonant kënnt.

Äerd, äert, Häerz, Päerd, ...

Hält d’Wuert awer mam r op, steet keen e virun dësem r, och wann een en héiert.

är, Här, Kär, Stär, ...

  • Viru -chen a -lech gëtt den ä net duerch en e verlängert, well dëst eegestänneg Wuertdeeler vun zesummegesate Wierder sinn. Här - chen, jär - lech, Mär - chen, …



5

D'Vokalkoppelen
Link kopieren



Am Lëtzebuergesche gëtt et 8 Vokalkoppelen, déi laang an als een eenzege Laut ausgeschwat ginn. Wann een sech net sécher bei der Aussprooch ass, kann een all d’Wierder op lod.lu lauschteren.

au (Aussprooch 1) Auer, Bauer, haut, ... ; (Aussprooch 2) Bauch, Haut, Schlauch, ...

ei bei, Feier, leien, nei, ...

ai Daimchen, Haiser, Lais, … (ofgeleet vu Wierder mat au)

äi bäissen, fläisseg, Schwäin, Wäin, ...

éi begéinen, béis, Kéier, Schnéi, ...

ou Brout, roueg, wouer, ...

ie Biesem, liesen, Regierung, Schiet, ...

ue Buedem, lues, Nues, ...

  • A Friemwierder ginn zousätzlech déi net lëtzebuergesch Vokalkoppelen eu an äu iwwerholl: Efeu, Euro, Rheuma, äusserlech, Enttäuschung, ...
    Den oi aus „Moien“ fënnt ee soss just a Friemwierder: Boiler, Konvoi, …




6

D'Konsonante b, c, d, f, g, h, j, k, l, m, n, p, q, r, s, t, v, w, x, z
Link kopieren



Déi meescht Konsonante passen sech ganz einfach de Reegele vun de laangen a kuerze Vokalen un. Et schreift een deemno déi Konsonanten, déi een och héiert. E puer vun hinne brauchen awer zousätzlech Erklärungen.

b <=> p

d <=> t

g <=> k

w <=> f

Déi schaarf geschwat Konsonante p, t, k oder f ginn um Enn vun engem Wuert b, d, g oder w geschriwwen, wann et dëst Wuert och am Däitsche mat b, d, g oder w gëtt.

ob (dt. ob), Stëbs (dt. Staub), Lidd (dt. Lied), Drog (dt. Droge), Léiw (dt. Löwe), ...

Gëtt et fir e Wuert keng Verbindung zum Däitschen, ginn um Enn vum Wuert ëmmer déi schaarf geschwat Konsonante geschriwwen.

Bouf, léif, op, Krop, ...

f

Et gëtt dräi Méiglechkeete fir de gehéierten f:

  1. Wierder ginn ëmmer mat f geschriwwen.
    Delfin, Fantasie, Foto, ...
  2. D’Wierder mat der griichescher Endung -graf/graph a -fon/phon kënne mat f oder ph geschriwwe ginn.
    Biografie/Biographie, Mikrofon/Mikrophon, Orthografie/ Orthographie, ...
  3. Bei soss Wierder aus dem Griichesche gëtt de gehéierten f just mat ph geschriwwen.
    Atmosphär, Metapher, Philosophie, Physik, ...

g

De geschriwwene g gëtt am Lëtzebuergeschen op 6 verschidde Manéieren ausgeschwat. Wann een sech net sécher bei der Aussprooch ass, kann een all d’Wierder op lod.lu lauschteren.

  1. Frigo, Gäns, Bagger, ...
  2. Drog, Grog, ...
  3. Bierger, Fliger, ...
  4. Beleeg, éiweg, ...
  5. Kugel, Jugend, ...
  6. Dag, Katalog, Flughafen, ...

  • Déi däitsch Endung -ig gëtt am Lëtzebuergeschen -eg geschriwwen: éiweg, hëlleg, ...
  • Wierder mat der Endung -zeg ginn ëmmer mat g geschriwwen: hannerzeg, vijenzeg, ...
  • Steet bei engem Verb an der Grondform e g an der Endung, gëtt dee g an alle Formen iwwerholl: follegen / du follegs / du hues gefollegt, ...
    Huet e Verb an der Grondform kee g an der Endung, daucht deen och a kenger Form op: iwwerleeën / du hues iwwerluecht, ...
  • Dacks schreift een de gehéierte g (Aussprooch wéi 4. oder 6.) a betounte kuerzen Endsilben ch, och wann et dat Wuert am Däitsche mat g gëtt: Ausfluch, ewech, genuch, Krich, Zich, ...

h

Den h gëtt am Lëtzebuergeschen nëmme geschriwwen, wann een en och héiert.

Hand, houschten, doheem, geheien, ...

  • Den h gëtt am Lëtzebuergeschen net benotzt, fir, wéi am Däitschen, de Vokal virdru laang ze maachen. D’Zuel vun de Vokale beim laang geschwate Vokal riicht sech also just no de Reegele vum laang geschwate Vokal: Anung, angeneem, Fürerschäin, Stralung, Walen, ...
  • A verschiddene Friemwierder gëtt den h wéi a ville Sproochen iwwerholl: Rhäin, Rhythmus, Theater, ...

k

Am Ufank vum Wuert oder no laangem Vokal gëtt k geschriwwen.

Bak, Kand, Kino, Schleek, ...

No kuerzem betounte Vokal gëtt ëmmer ck geschriwwen.

Lack, meckeren, Trick, ...

  • Vill Wierder mat kuerzem betounte Vokal virum k, déi aus anere Sproochen iwwerholl sinn, ginn, obwuel betount, an hirer Grondform just mat k geschriwwen: Katholik, Politik, Rubrik, ...
    Gëtt d’Wuert awer verlängert, gëtt aus k en ck: Katholicken, Politicken, Rubricken, ...

No kuerzem onbetounte Vokal gëtt einfach k geschriwwen.

Anorak / Anoraken, Lastik / Lastiker, ...

n

n-Reegel

Am Prinzip gëllt am Lëtzebuergeschen:

Gëtt den n/nn iwwerem Schwätze gesot, da gëtt en och geschriwwen.

Gëtt den n/nn iwwerem Schwätzen net gesot, da gëtt en och net geschriwwen.

Dës Reegel gräift um Enn vun eenzelen an an zesummegesate Wierder.

en alen Iesel (2x mat n) / e grousse Mann (2x ouni n), Gromperenzalot (mat n) / Grompereschuel (ouni n), e schéinen Nomëtteg (mat n) / e schéine Moien (ouni n), geschwënn ass et esouwäit (mat nn) / geschwë geet et lass (ouni nn)

Vereinfacht kann ee soen, datt den n stoe bleift:

• virun all de Vokalen (a, e, i, o, u, ä, ë, é, ö, ü)

• virun de Konsonanten d, h, n, t, z

• um Enn vu Persounennimm: de Jang Rinnen geet mat, d’Kirsten geet och mat

• viru Sazzeechen (. , : ;)

• wann e klengt Wuert net méi kloer erkannt gëtt, wann den n ewechfält: de Sënn vum Liewen / d’Kroun passt him net

• wann a bestëmmte Fäll déi geschwate Sprooch dat gären esou hätt: Leidenschaft, onbehollef, inkompetent, e gudden Job

  • Viru si, se, sech, säin, seng ass den n fakultativ: et hu sech vill Leit gemellt / et hunn sech vill Leit gemellt
  • Bei geografeschen Nimm op -en fält den n ewech, wann de Konsonant, deen hannendru kënnt, dat verlaangt: Italien / an Italie fueren, Norwegen / an Norwege goen, um Schwaarze Mier, Spuenien / eng Spuenierees ...
  • Bei Uertschaften a Stied huet een d’Wiel, ob een den n ewechléisst oder net:
    zu Lëntge brennt et / zu Lëntgen brennt et
    op Münche fueren / op München fueren ...

just 1 n

Wierder op -néieren an -(i)onell ginn am Lëtzebuergeschen ëmmer just mat n geschriwwen, egal ob et d’Wuert am Däitschen an/oder am Franséischen anescht gëtt:

abonéieren, funktionéieren/fonctionéieren, ordonéieren, ...

hormonell, operationell, rationell, traditionell, ...

s

Den s gëtt am Lëtzebuergesche mëll oder schaarf gelies.
Geschriwwe gëtt keen däitschen ß. D’Wierder gi jee no Bedarf mat s oder ss geschriwwen.

s, wa mëll geschwat no laangem Vokal

grasen, Risen, rosen, schmusen, weisen, ...

s, wa mëll geschwat no kuerzem Vokal

bëselen, Dosen, Kisel, Musel, ...

s, wa schaarf geschwat no laangem Vokal um Enn vum Wuert

Hues, Räis, Ris, Wues (dt. Rasen), ...

ss, wa schaarf geschwat no laangem Vokal

faassen, Fuuss, Strooss(en), wäiss, Weess, Wuess (dt. Wachs), ...

  • Um Enn vum Wuert gëtt -ss geschriwwen, wann et dat Wuert och am Däitsche mat -ss, -chs, -z oder gëtt.

ss, wa schaarf geschwat no kuerzem Vokal

Bass, Messer, si mussen, Noss, ...




7

Déi franséisch Wierder
Link kopieren



Am Lëtzebuergesche gi verschidde Wierder genee esou wéi am Franséische geschriwwen, anerer passen sech zum Deel un d’Lëtzebuergescht un, nach anerer passen sech ganz un. Fir se all gëllt d’Grouss- a Klengschreiwung am Lëtzebuergeschen. Well awer keng Reegel all Fäll, déi kënne virkommen, ka global ofdecken, kontrolléiert een am Zweiwelsfall déi richteg Schreifweis am beschten op lod.lu.

wéi am Franséischen

Avantage, allez, beige, Boîte, Concert, Courage, Effet, Force, Garage, Merci, Ministère, Pâté, Remise, Revanche, Serveuse, Soin, Vaccin, vierge, ...

  • De stommen e um Enn muss stoe bleiwen, wann d’Wuert ouni dee stommen e iwwerem Liese soss net méi erkannt gëtt: beig-e, Courag-e, Remis-e, ...
    Gëtt de stommen e beim Liesen net gebraucht, gëtt déi lëtzebuergesch Schreifweis geholl: Bott, Gripp, Initiativ, Oliv, Phas, Vitess, ...
  • A franséische Wierder, déi iwwerholl ginn, bleift de franséischen é just um Enn vum Wuert stoen: Comité, Negligé, ...
  • Fir de Pluriel bei franséische Wierder ze bilden, gëtt am Prinzip einfach déi lëtzebuergesch Endung -en un d’Wuert gehaang (Concerten, Effeten, ...).
    Huet d’Wuert schonn e stommen e als Endung, gëtt fir d’Plurielsform just en n un dee stommen e gehaang (Ministèren, Serveusen, ...).
  • Wann den -n am Pluriel oder soss enger verlängerter Form wéinst der n-Reegel ewechfält an d’Wuert da schrëftlech kéint mat senger Grondform mat stommem -e verwiesselt ginn, da musse Pinktelche op den -e gesat ginn, dee jo dann net méi stomm ass: Avantagë kréien, e beigë Mantel, Poubellë réckelen, ...
  • Gëtt e franséischt Wuert a senger Grondform iwwerholl (z.B. Amicale) an et kritt am Pluriel eng lëtzebuergesch Endung, da passt sech déi Form schrëftlech un d’Reegel vum kuerze Vokal un: Amicale / Amicallen, Equipe / Equippen, ...
  • Gëtt e franséischt Wuert a senger Grondform op -é iwwerholl (z.B. Chargé) an et kritt am Pluriel eng lëtzebuergesch Endung (Chargéen), da musse Pinktelcher op den -e vun der Endung gesat ginn, wann den n duerch d’n-Reegel ewechfält an de stommen -e net méi stomm ass: nei Chargéen astellen / all Chargéë froen, ...
    Geet et ëm eng weiblech Form op -ée (Chargée), esou kritt déi am Pluriel direkt -ën als Endung (Chargéeën), huet also scho Pinktelcher, wann den n ewechfält: nei Chargéeën astellen / all Chargéeë froen, ...

zum Deel ugepasst

Capacitéit, Coiffer, Decisioun, Deputéierten, Ensembel, Resumé, Timber, ...

  • De Pluriel vun dëse Wierder gëtt am Prinzip mat der lëtzebuergescher Endung -en gebilt: Coifferen, Decisiounen, ...
  • Am Ufank oder an der Mëtt vun engem franséische Wuert fält den Accent um e ewech: Demarche, Merite, Resumé, ...

ganz ugepasst

Barriär, Domän, Fotell, Limitt, Potto, Riddo, schick, Wallis, Vestiär, Vitaminn, ...

  • Verschidde franséisch Wierder mat der Endung -ier hu sech dem geschwate Lëtzebuergesche schrëftlech mat aller Konsequenz ugepasst: Giischtjen, Keessjee, Klautjen, Pompjee, Schantjen, ...

mat méi Wierder

Dat éischt Wuert gëtt groussgeschriwwen, déi hannendru kleng:

Assistante sociale, Eau de toilette, Plat du jour, ...

An der Grondform gëtt e Bindestréch gesat, wann dat och am Franséischen de Fall ass:

Avant-première, Bain-marie, Faux-filet, ...

An der Plurielsform, déi am Prinzip mat der franséischer Grondform an der lëtzebuergescher Endung -en gebilt gëtt, stinn ëmmer Bindestrécher:

Assistante-sociallen, Faux-fileten, Plat-du-jouren, ...

An der Grondform an an der Plurielsform gi Bindestrécher gesat, wann d’Wierder e franséischen an e lëtzebuergeschen Deel hunn:

Chauffe-plats-Kabel(en), Quiche-lorraines-Stéck(er), ...




8

Déi englesch Wierder
Link kopieren



Am Lëtzebuergesche gi verschidde Wierder genee esou wéi am Englesche geschriwwen an anerer passen sech zum Deel un d’Lëtzebuergescht un. Fir se all gëllt d’Grouss- a Klengschreiwung am Lëtzebuergeschen. Am Zweiwelsfall kontrolléiert een déi richteg Schreifweis am beschten op lod.lu.

wéi am Engleschen

Airbag, Jeep, Shop, Slip, Weekend, ...

  • Gëtt en englescht Wuert a senger Grondform iwwerholl an et kritt am Pluriel eng lëtzebuergesch Endung, déi am Prinzip -en oder -er ass, da passen sech d’Konsonante schrëftlech un d’Reegel vum laangen oder kuerze Vokal un: Fan / Fannen, Jeep / Jeepen, Slip / Slippen, ...
    Geleeëntlech gëtt och den englesche Pluriel iwwerholl: Fan / Fans, ...

zum Deel ugepasst

chatten, jobben, mailen, outen, stylen, timen, ...

  • D’Verben aus dem Englesche passe sech am Prinzip dem lëtzebuergesche Verbemodell un, wann se an hiren entspriechenden Zäite benotzt ginn:
    chatten, du chatts, hien chatt, hien huet gechatt, ...
    mailen, du mails, hie mailt, hien huet gemailt, ...



9

D'Verben
Link kopieren



Dës Wuertkategorie ass déi konsequentst, wat d’Schreifweis ubelaangt. Se went radikal d’Reegele vun de laangen a kuerze Vokalen un. Dobäi hält se d’Zuel vun de Konsonanten aus der Grondform esou laang bäi, wéi déi geschwate Sprooch dat erfuerdert. Ännert d’Aussprooch, passt se sech iwwer d’Vokalreegele schrëftlech dorun un.

falen / du fäls / hie fält / du bass gefall

falen / du faals / hie faalt / et ass gefaalt

molen / du mools / hie moolt / du hues gemoolt

tuten / du tuuts / hien tut / hien huet getut, ...

Héiert een an enger Form vum Verb um Enn dee schaarfe Vokal, da gëtt deen och geschriwwen. Ännert d’Aussprooch, passt d’Schreifweis sech un.

bleiwen / du bleifs / du bass bliwwen

landen / hie lant / hien ass gelant

hunn / dir hutt, ...

  • Eenzeg wichteg Ausnam, déi um Enn mat dd geschriwwe gëtt an net mam schaarfe Konsonant, deen een héiert:
    sinn / dir sidd



Illustratiounen: Antoine Grimée    


Lesen Sie mehr zu diesem Thema

"Éislekisch" unterm Mikroskop
Was ist es, das die Welt der Dialekte und Regionalsprachen im Innersten zusammenhält? So in etwa lautet die Frage, auf die die Linguistin Judit Vari derzeit im Ösling und in Ostbelgien eine Antwort sucht.
Der Mann fürs Luxemburgische
Marc Barthelemy ist seit Oktober 2018 Kommissar für die luxemburgische Sprache. Seine Hauptaufgabe besteht in der Ausarbeitung eines Zwanzigjahresplans für das Luxemburgische.
Marc Barthelemy ist seit etwas mehr als fünf Monaten Kommissar für die luxemburgische Sprache.
Lust auf noch mehr Wort?
Lust auf noch mehr Wort?
7 Tage gratis testen
E-Mail-Adresse eingeben und alle Inhalte auf wort.lu lesen.
Fast fertig...
Um die Anmeldung abzuschließen, klicken Sie bitte auf den Link in der E-Mail, die wir Ihnen gerade gesendet haben.