Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lëtzebuerger Buchpräis: Modern „éducation sentimentale“
Kultur 2 Min. 04.11.2016 Aus unserem online-Archiv

Lëtzebuerger Buchpräis: Modern „éducation sentimentale“

D'Autorin ass och als Musikerin bekannt.

Lëtzebuerger Buchpräis: Modern „éducation sentimentale“

D'Autorin ass och als Musikerin bekannt.
Foto: Guy Jallay
Kultur 2 Min. 04.11.2016 Aus unserem online-Archiv

Lëtzebuerger Buchpräis: Modern „éducation sentimentale“

Thierry HICK
Thierry HICK
No enger kreativer schrëftstellerescher Paus huet d’Claudine Muno vru kuerzem op en Neits e literareschen Text publizéiert.

vum Jeff Baden

No enger kreativer schrëftstellerescher Paus huet d’Claudine Muno vru kuerzem op en Neits e literareschen Text publizéiert. De Saz „Komm net kräischen“ hu vill vun de Lieser sécherlech an hirer Kandheet a Jugend vun den Elteren ze héiere kritt an den Titel vun der Erzielung léisst deemno och schon duerchblécken, datt et am Buch ëm d’Welt vun deene Jonke geet.

Déi weiblech Haaptfigur, d’Marie, ass d’Duechter vun enger ganz einfacher Eisebunnerfamill a säi beschte Frënd ass den Theo, deem seng Mamm ganz fréi u Kriebs gestuerwen ass an dee mat sengem Papp, dem Paul,engem Employé bei der CFL, a senger Groussmamm Geneviève lieft.

D’Marie ass schon als Kand begeeschtert vun där sozial besser gestallter Famill vum Theo, bewonnert hire Liewensstil, mee als jonkt Meedchen ass hatt ganz besonnesch ageholl vum Paul, an deem hatt säin Idealmann gesäit.

Iwwerdeems d’Marie seng Relatioun mam Theo wéi déi tëscht Gesëschter emfënnt, ass hatt wéi magesch ugezu vun deem sengem Papp. D’Marie sicht ëmmer erëm de Kontakt mam Paul, deen awer net direkt op d’Avancë vun deem jonke Meedchen ageet…

Vum Liewe komplett iwwerfuerdert

D’Claudine Muno skizzéiert mat senger Erzielung eng Zort modern „éducation sentimentale“ vun engem Meedchen, wat sech (sécherlech wéi vill anerer an deem Alter och) net wéi seng Schoulkollege fillt a sech dowéinst an idealistesch verkläerten Dramwelten zréckzitt. D’Marie, wat seng Ëmwelt ganz genee am Bléck huet, stellt sech vill Froen iwwert de Sënn vum Liewen, d’Bedeitung vun der Léift, den Doud, d’Erwuessesinn, d’Identéit vun der Fra an der moderner Welt ...

Hatt versicht sech iergendwéi ëmmer un d’Erwaardunge vun deenen aneren unzepassen, vergësst dobäi awer meeschtens déi eege Besoinen. Et fillt sech iergendwéi vum Liewe komplett iwwerfuerdert an dee fir hatt onerreechbare Paul ass dem Marie säin eenzegen Halt. Duerch e Gespréich mam Paul gëtt d’Marie sech (méiglecherweis) bewosst, datt et vläicht e wéineg méi op sech selwer lauschtere soll, fir iwwerhaapt erauszefannen, wat hatt wierklech am Liewe wëllt…

komm net kraischen
komm net kraischen

Grotesk Komik feelt

Dem Claudine Muno seng Erzielung ënnerscheet sech vu sengen anere Publikatiounen – sécherlech och schon nieft der Wiel vum Sujet – ganz besonnesch duerch de Stil an den erzielereschen Toun, bei deem ganz besonnesch déi bei dëser Autorin gewinnte grotesk Komik feelt.

D’Handlung gëtt haaptsächlech gedroe vu Momentopnahmen, Impressiounen a Gedankefatze vun der weiblecher Haaptfigur. „Komm net kräischen“ weist aus der Perspektiv vum Marie, senge Stëmmungen, Gefiller, Andréck a Gedanke mat wéi enge Problemer, Konflikter besonnesch jonk Meedercher um Wee an déi modern Erwuessenewelt dacks konfrontéiert kënne sinn a riicht sech deemno vläicht och éischter un en entspriechende jugendleche Public.

D’Buch ass an deem Sënn sécherlech eng Beräicherung fir de Genre vun der Jugendliteratur op Lëtzebuergesch.

Claudine Muno: „Komm net kräischen“, Op der Lay, 104 Säiten,, ISBN: 978-2-87967-211-3.