Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Henri Losch, en engagéierte Schoulmeeschter
Kultur 3 Min. 26.04.2013 Aus unserem online-Archiv

Henri Losch, en engagéierte Schoulmeeschter

De pensionéierte Schoulmeeschter erënnert sech u seng eege Beruffsjoren.

Henri Losch, en engagéierte Schoulmeeschter

De pensionéierte Schoulmeeschter erënnert sech u seng eege Beruffsjoren.
Archiv-Foto: Claude Piscitelli
Kultur 3 Min. 26.04.2013 Aus unserem online-Archiv

Henri Losch, en engagéierte Schoulmeeschter

A sengem neie Buch ''Koppeges a Bosseges'' erënnert sech de pensionéierte Schoulmeeschter Henri Losch (Jg. 1931) als ''Schreiwer'' u seng eege Beruffsjoren an deenen ënnerschiddlechste Klassen a Schoulen zu Lëtzebuerg.

Vum Jeff Baden

A sengem neie Buch ''Koppeges a Bosseges'' erënnert sech de pensionéierte Schoulmeeschter Henri Losch (Jg. 1931) als ''Schreiwer'' u seng eege Beruffsjoren an deenen ënnerschiddlechste Klassen a Schoulen zu Lëtzebuerg.

Ugefaang huet seng Carrière no der Normalschoul als ''Ersatzschoulmeeschter'', dono als Kandidat zu Grooljen, engem klengen Éislecker Dierfchen, wou d’Liewen an den Nokrichsjoren alles anescht wéi einfach a komfortabel war. 

Gesonde Mënscheverstand a Pragmatismus

Mee dat stéiert dee jonke Borscht allerdéngs rose wéineg, an hie meeschtert labber all quokeleg Situatiounen, sief et am Ëmgank mat senge Schüler oder de Leit am Duerf, mat grousser Flexibilitéit, Mënschlechkeet an engem gudde Schotz gesonde Mënscheverstand a Pragmatismus.

Hien ass dobäi siele verleeën, wann et ëm eng och emol onkonventionell Léisung vun engem Problem geet. Wat sech bei deem jonken ''Här Lehrer'' awer ganz séier erausstellt, ass, datt hie Pädagog mat Leif a Séil ass, a seng authentesch Bezéiung zu senge Schüler bréngt him vun Ufank u grousse Respekt bei de Kanner, grad wéi bei hiren Elteren an.

Bis zum Schluss ass hie gär an d’Schoul gaangen an d’Buch ''soll eng warem Erënnerung un eng schéin Zäit sinn, déi de Schreiwer net wëllt mëssen'' (S. 339).

Begeeschterung fir d’Schoulhalen

Tëscht sämtlechen Zeile liicht deem idealistesche Pädagog seng Begeeschterung fir d’Schoulhalen duerch, ''eng Welt, wou en dat Schéinst vum Mënsch ka vermëttelen: Wëssen, Kultur a soziaalt Behuelen'' (S. 14).

Datt dës Wierder keng eidel Sätz sinn, weist sech am Engagement vum Schoulmeeschter iwwert déi ganz Jore fir seng Schützlingen, sief dat an deene klenge Schoulen iwwer Land, duerno an der Stad oder an den ''classes spéciales'' op der Stroossbuerger Plaz.

Eng Hällewull aner Responsabilitéiten

Nieft sengem Asaz an der Schoul iwwerhëllt de Schoulmeeschter awer och nach eng Hällewull aner Responsabilitéiten, well hien – meeschtens och aus perséinlechem Interessi fir déi nei Erausfuerderung – schlecht ''Neen'' soe kann: Deen onermiddleche Schoulmann huet dowéinst ëmmer erëm nei Kapen op, sief et am Lëtzebuerger Film oder Theater, am Escher Conservatoire als Chargé de cours fir Dictioun, awer och als Member vun engem Aarbechtsgrupp, deen didaktescht Material fir Lëtzebuergeschcoursë fir Auslänner ausschafft.

Dem Henri Losch säi Buch ass e begeeschterte Plädoyer fir de Beruff vum Enseignant, ënnert der Bedéngung allerdéngs, datt een éierlech Freed um Vermëttele vu Wëssen a Kompetenzen an e mënschlech-onkomplizéierten Drot zu Kanner oder jonke Leit matbréngt.

Donieft gëtt de Lieser eng sëllechen héichinteressant Detailer gewuer z. B. aus der Lëtzebuerger Literatur- an Theaterzeen oder aus der Geschicht vum Grand-Duché.

Dacks fir ze schmunzelen

D’Buch ''Koppeges a Bosseges'' ass dacks fir ze schmunzelen, mat awer och alt emol méi nodenklechen Téin, an engem richteg flotten, liewege Lëtzebuergesch geschriwwen.

Den Henri Losch erzielt mat groussem Gespier fir déi nüancéiert Ausdrockméiglechkeete vun der Sprooch, mat där de Schreiwer sech selwer ganz enk verbonne fillt, an dowéinst deet et him och leed, datt hire ''Räichtem [...] leider, leider ëmmer méi arem gëtt'' (S. 340): D’Léisung fir dës Entwécklung opzehalen, gesäit hien iwwerdeems – an der Schoul ...

  • Henri Losch: ''Koppeges & Bosseges. E Schoulmeeschter erzielt'', Editions Guy Binsfeld, 2013, 344 Säiten, gebonne mat Ëmschlag a Liesbännchen, 21,90 Euro, ISBN 978-2-87954-260-7.