Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Elo kritt Lëtzebuerg mol esou richteg de Marsch geblosen
Kultur 1 06.11.2013

Elo kritt Lëtzebuerg mol esou richteg de Marsch geblosen

Kultur 1 06.11.2013

Elo kritt Lëtzebuerg mol esou richteg de Marsch geblosen

De Serge Tonnar a seng Museker invitéieren vum 18. Oktober unn an de „Cristal Palace“ op Hollerech, fir den neien Album „Hämmelsmarsch“ z'entdecken.

Den 10. Dezember 2012 huet en déi leschten Nout vu senger „Bopebistro“-Tour op der Bühn vum Groussen Theater gespillt – an deemools mat „Et deet esou wéi“ well e klenge Virgeschmaach ginn – a knapp néng Méint méi spéit (en Zeechen?), invitéieren de Serge Tonnar a seng Museker an de „Cristal Palace“ op Hollerech, fir den neien Album „Hämmelsmarsch“ z'entdecken.

Mir hunn de Lëtzebuerger hire Lieblingsrevoluzzer den Dag firum éischte Concert do getraff an en huet eis verrode, wéi en et mat den Hammelen an dem aneren, zweebeenege Gedéiesch esou hält ...

„Hämmelsmarsch“ ass vum 18. Oktober un iwwert iTunes erofzelueden, ka bei www.maskenada.lu bestallt ginn, ass (geschwënn) an all gudde Plakkebuttéck an am „Cristal Palace“ (33, rue de Hollerich) virun a nom Concert ze kréien. Optrëtter sinn den 18., 19., 23., 25. an 31. Oktober, souwéi den 2. November, ëm 20.30 Auer (Iessen ëm 19 Auer), a sonndes, den 27. Oktober an 3. November, ëm 17 Auer. Den Entrée ass 25 a 15 Euro ouni Iessen; mat Iessen 50 a 40 Euro, mat vegetareschem Iessen 45 a 35 Euro. Plaze kënn een iwwert Tel. 47 08 95-1 an op www.luxembourgticket.lu reservéieren.


Lesen Sie mehr zu diesem Thema