Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Grof Sigfrid an d’Melusina
Kultur 03.12.2013

De Grof Sigfrid an d’Melusina

De Grof Sigfrid an d’Melusina

Kultur 03.12.2013

De Grof Sigfrid an d’Melusina

De Kinneksbond vu Mamer invitéiert en Dënschdeg, 3. Dezemebr 2013 um  19.30 Auer, op en Liesowend mam Lex Roth.

De Kinneksbond vu Mamer invitéiert en Dënschdeg, 3. Dezemebr 2013 um  19.30 Auer, op en Liesowend mam Lex Roth.

Bei äis huet d’Legend vun der Melusina e wierklechen, historesche Fong. Hei verbënnt sech eng Europawäit verspreete ''Seeche'' mat eiser Geschicht.

Fir deer legendär-historescher Saach bei dëser Geleeënheet dann och méi e feierleche Fong ze setzen – an dat fir d’alleréischt Kéier an dëser Form – huet de Lex Roth déi ''Geschicht'' dann a klassesch Verse geschnëtzelt, eng Zort poetesch Statu fir déi 1050-jäereg Existenz vun eisem Lëtzebuerg.

Dat 100 Strophe laangt Gedicht gëtt net einfach nëmme virgelies; den Auteur gëtt eng ganz Rei intressant Iwwerleeungen an Explikatiounen iwwer a rondrëm de Grënder vun der historech immens wichteger Dynastie vun deene kinneklechen a keeserleche ''Lëtzebuerger'' aus dem Mëttelalter.

Ticketën  an der Oweskees: 5 Euro.

Infos: www.kinneksbond.lu