wort.lu | Sport | Bürgerinitiative macht Front gegen nationales Fußballstadion
 
Widerstand aus Liwingen
05.03.2010 12:03 Uhr

Bürgerinitiative macht Front gegen nationales Fußballstadion

"Steuerzahler muss Projekt mitfinanzieren"



Foto: FLF
Für die Fußballfans ein Traum, für die Bürgerinitiative ein Alptraum: Der Bau eines nationalen Stadions in Liwingen.

(jot) - In rund einem Monat soll der Masterplan für das nationale Fußballstadion in Liwingen der Öffentlichkeit vorgestellt werden. Bereits jetzt stößt das Projekt aber auf Widerstand: Die rund 120 Mitglieder der „Biergerinitiativ fir eng sënnvoll Entwécklung am Réiserbann“ wollen laut eigenen Aussagen alles daran setzen, dass der Bau des Stadions samt Shoppingmeile verhindert wird.

„Wir werden alle gesetzlichen Möglichkeiten ausnutzen, die zur Verfügung stehen“, erklärte Sekretär Léon Weydert am Donnerstagabend nach der Generalversammlung der Bürgerinitiative gegenüber Radio 100,7. Der Sekretär wies darauf hin, dass der geplante Standort in einer Grünzone liege. Das Grundstück sei zudem nicht IVL-gerecht.

„Das Projekt ist überdimensioniert"

Weydert fügte weitere Kritikpunkte an. „Das Projekt ist überdimensioniert. Das 10.000 Zuschauer fassende Fußballstadion würde mit einer starken Lärmbelästigung sowie einem hohen Verkehrsaufkommen einhergehen“, unterstrich der Sekretär. Auch die Finanzierung des Projektes stößt Weydert übel auf: „Der Staat muss die Infrastrukturen rund um das Stadion bereitstellen. Es stimmt also nicht, dass der Steuerzahler nicht für das Projekt aufkommen muss.“

Der Sekretär der Bürgerinitiative unterstellt der Becca-Gruppe, die die Baukosten des Projektes übernimmt, nicht nur aus Liebe zum Fußball zu handeln: „Die Becca-Gruppe will ihre Grundstücke in Liwingen aufwerten.“

Ihre Meinung zum Thema

( 21 )
  • Olivier Delvaux meint:
    09.03.2010, 13:58 Uhr
    @M.L.: Kuckt, an e puer Joër, dat ass jo sëcher, do wäert bei eis eng Kéier Europameeschterschaft stattfannen. Wou spillen dann eis Gäscht? Op Fussballsterrain'en déi ausgesinn wéi déi aus dem 50 Joren, oder di sëlleg Mini Fussballsterrain'en? Do ass jo alt erem en Grond fir en neien, modernen Stadion!

    @ Paul Krier: Merci fir di Erfirhiewung, mee ech mengen mol dass et hei net Mentalitéitsproblemer sinn, mee einfach Stuerheet vun den Leit. Se mengen all et géif vun hieren Suen ofgoën, mee leider handelt et sech heirem em eng Privatpersoun. Mee den Privatpersoun gett naischt mei vergonnt, kuckt mol den Projet vum Bitburger Flughafen, den war och super, mee wien ass dergéint? Steierbezueler.

    Mee et ginn awer och Virdeeler un denen Insfrastrukturen an net nemmen Nodeeler souwéi verschidden Leit hei mengen.
    Mee mol d'eischt kucken wat dobai rauskennt. Fakt ass et ass dringend néideg dass mer en neien Stadion kréien.
  • Paul Krier meint:
    06.03.2010, 19:17 Uhr
    Dir Dammen an/oder Hären B L, maha vishnu, Jean-Baptist Esch, M. L., baba aly an Nemo Impune. Dën Ënnerscheed tëscht Iech an ménger Wéinegkeet esou wéi O.Delvaux, F.Braun an aaneren ass, datt dir emol net de Courage huet, Äre richtegen Numm hei ze veröffentlechen!

    A genau daat schwetzen ech och mam Mentalitéitsproblem un, et ass esou einfach hei anonym ze stänkeren, daat ass esou bëlleg an daat ass déi selwecht Uraaach, wéi déi, datt der kee Courage huet, eise Fussball ze ënnerstëtzen.
  • M. L. meint:
    06.03.2010, 17:40 Uhr
    @ Olivier Delvaux

    München huet och eng richteg Fussballequippe , fir dei et sech lount entré ze bezuelen, an Letzeburg mengt een et geif een den Kanner am Schoulhaff nokucken ze spillen _
  • Sven Fiedler meint:
    06.03.2010, 15:37 Uhr
    Gudde mëtteg,

    @Jean-Baptist Esch: "Leit déi am Supermarché schaffen kennen mat hierem Verdengscht net liewen" soso!? géi ziel daat mol de Letzebuerger déi an eisen Supermarchéen schaffen. Wéi machen d'chômeuren an déi Leit déi RMG kréien et dann? Liewen déi etwa all op der Strooss? Dëss Astellung,"ech gin dach net fir de mindestloun schaffen", kann de Letzebuerger nach zum Verhängnis gin. D'Entwécklung vum chômage seet alles doriwwer aus.

    Waat de Projet vum Här Becca betrefft: Als Promoteur sichs de ëmmer de Profit, soss bass de net laang an dem Beruf. De Stadion alleng waer kaum (amfong guernet) ze légitiméieren. An Kombination mat Geschäfter an Buröen kann daat duerchaus interessant sin. D'Fro no der Konformitéit mam IVL muss natirlech geklärt sin. Et ass gewosst dass schon probéiert gouf Virschriften vun der Landesplanung ze emgoën fir ee Projet duerchzeboxen (cf. Wickréng).

    Op mer deen Stadion elo brauchen, dozou mengen ech dass en net absolut liewensnoutwendeg ass, mee et waer wirklech wenschenswert dass de projet géif réaliséiert gin.
    De Stade Josy Barthel ass definitiv net gemaach fir Lännermatcher dran ze spillen.
    De Groussdeel vun de Plaatzen ass net iwwerdaacht.
    D'Setzer sin an engem lamentablen Zoustand, waat deelweis och mam eischten Punkt zesummenhänkt.
    Et sin iwwerall héich Gitteren déi d'vue verspären. De Stadion ass total onattraktiv, an et ass net verwonnerlech dass déi verwinnte Letzebuerger sech net dohin setze gin.
    Et huet secherlech och ee Mentalitéitswiessel bei de Leit stattfond, well allgemeng gin manner Leit Fussball kucken, egal op Nationaldivisoun oder 1. Divisioun.
    An den 80er Joren och waren duerchschnettlech méi Leit pro Lännermatch am Stadion wéi an der Period 2000 - 2010, obwuel mer teschent 1980 an 1990 net een eenzegen an zweschen 2000 an 2010 der emmerhin 3 gewonn hun (2x2007 an 2009). Also un der Leeschtung kann et net nemmen haenken.

    D'Nationaléquipe spillt leider net deen attraktiven Fussball wéi d'Hollänner oder d'Spuenier, mee schliesslech sin déi meescht vun eisen Spiller (bis op 2 Aushnahmen) jo och Amateuren. Ech hun d'Impressioun dass mer daat heiansdo vergiessen.
  • Olivier Delvaux meint:
    06.03.2010, 13:05 Uhr
    @ Paul Krier:
    Mol een den Fakten op den Dësch leet. Ech fannen et juste komesch, dass Leit sech iwwert den Stadion opreegen, wat awer eng gudd Saach ass, mee iwwert den neien Auchan zu gasperich huet awer keen eppes ze soën.

    Den neien Auchan soll nach méi grouss ginn, an e gett dofir nach 2 Stroossen mei gebaut. Dat fannen ech Geld an Loft geschoss, well den um Kierchbierg ass grouss genuch, an et ginn emplus nach kleng geschäfter wou een akaafen kann goën! Mee déi ginn Faillite well keng Sau méi dohinner geet.
    An dann nach en Supermarché méi! Dat gesinn ech net an!

    Den Stadion op der Areler Strooss ass baufälleg, Sëtzer faalen baal zesummen, etcpp. bedreiwer selwer soen jo dass mer neideg en neien Stadion brauchen.
    An den Standort zu Léiweng ass super, en nervt keen do dass do mol heiansdo 8000 Let sinn, well momentan heiert een, wéi den Herr Krier schons soot Aire de Berchem oder Autobunn iwwerhaapt. An wéi schons gesoot stéiert dat ganzt guer net, well den Sadion gëtt net an engem Wunngebitt gebaut!

    Alleguerten déi hei iwwert den neien Stadion meckeren, sollen mol op Berlin oder München kucken goën, wéi déi Stadion'en ausgesinn, déi sinn och net emmer gefëllt bis uewenhin.

    Also iwwerleet d'éischt waat der schreift an dann reischt Kaaz aus dem Saak loossen Merci!!!!
  • M. L. meint:
    06.03.2010, 12:01 Uhr
    Fir dei belleg amateur Mätcher vun eiser 'Nationalequipe' ass nach eng Kouhwiss zu gutt _
  • Jean-Baptist Esch meint:
    06.03.2010, 11:35 Uhr
    et stemmt, dass de projet privat finanzeiert get. mee wien bezillt duerno de loyer an den ennerhalt? mir!

    daat as eng win-win situation fier de promoteur. an just fier de promteur.

    an zu den aarbechtsplaatzen. also ech fannen mir hun schon genuch aarbeschtsplaatzen fier gereng qualifizeiert frontalieen. de letzebuerger waert secher net an irgend engem geschäft als verkeefer setzen. well mat dem verdengscht kann hien net liewen.

    an zum letz. fussball. ech sin och fussball-fan. mee ech denken wann de josy-barthel mol e besschen mei ausgelaascht wier, an daat as nemmen de fall wann eis jongen resultater brengen, dann kann e mol iwert e neien stadion nodenken.

    dei ganz geschicht stenkt zum himmel, an ech gin den androck net lass, dass daat do erem eng typesch letz. geschicht as, wou e promoteur an e puer politiker um reck vum steierzueler sech täschen voll machen.
  • maha vishnu meint:
    06.03.2010, 11:25 Uhr
    @ paul krier : lo bleif mol w.e.g. bei der wouerecht. vläicht hues de bei dénge punkten 1 bis 4 jo tatsächlech recht - ech wees et net.
    mais ech wees genau, an du wees et och, dass de bei 5 a 6 egal wat ziels.
    wien moosst dann den erfolleg vun der nationaléquipe dorunner, wéivill jugendspiller wou am ausland spillen ? kee mënsch.
    an dass keng leit sëch deen aarmut ukucken ( ech och nët) läit och net un der stadion-infrastruktur, mais un dem armséilege gekicks, wat do gebuede gët.
    DAT AS E FAKT !
  • Philippe Gengler meint:
    06.03.2010, 10:40 Uhr
    Den Härr becca huet daat ganz clever gemaach. Hien kritt elo eng Baugenehmegung op engem Terrain den hien fir immens belleg Suen als Ackerland kaaft huet an wou hien soss nie eng Genehmegung kritt hätt. En plus baut hien do e Shopping-Center mat dem hien daat ganzt finanzeiert an huet doduerch areecht dass Wickreng keng Baugenhmegung krut an elo keng Konkurenz do as fir sain Shopping-Center zu Leiweng an och net fir sain neien Auchan op der Cloche d Or den hien jo baut.

    Ganz nierwenbei huet hien sech Rechter gesechert fir Terrainen vum Josy Barthel Stadion waat e riesegt Areal as daat matten um Belair as.

    Un sech huet hien sain bellegt Ackerland zu Leiweng geint 5Ha Land um Belair getosch, also wann daat keen gudd Geschäft war....
  • Marc Kneppel meint:
    06.03.2010, 06:06 Uhr
    Well just eppes punkto Arbechtplaatzenschaafen soen, mir ass et ganz egal op een Frontalier eng Plaatz huet oder net !An waat kennt greistendeels dohinner schaffen....an wann den Ikea op ons Seit komm waer waat haet dann do geschafft ???
    Hun leiwer sie sin op hierer Seit an kommen just als Tourist bei ons an loosen Geld hei...
  • Brudder Lehman meint:
    05.03.2010, 23:43 Uhr
    An do freet kee sech wou dem Här Becca sei villt Geld hierkennt...
  • B L meint:
    05.03.2010, 21:58 Uhr
    @Paul Krier:

    Merci fir äer enerhaalsam Fakten, ech hun schon laang nemmi sougud gelacht.

    Ech denken net dass d'Awunner vun Leiweng mussen angscht hun dass den Traffic enert engem Sturm von Fussball Fans ersteckt, wann wiederhin souvill Leit een Match besichen wei et hautesdachs den Fall ass, dan sin daat maximal puer dozen Leit, dei den weeckend op Leiweng pendelen, daat wert mol kengem opfaalen.

    Ech gesin zwar och net den Zweck fir sou enger grottenschlechter Equip esou een Stadion ze bauen, mee wann et zu 100% privat finanzeiert get, virwaat net, jiddereen ass frei seng suen aus dem Fenster ze geheien.

    Nee Herr Kreier net nemmen d'Letzebuerger hun keng loscht sech Woch fir Woch an een Stadion ze schläfen fir dann ze erliewen wei hier Mannschaft schon rem verleiert, wann Bayern grad sou schlecht geif spillen wei eis Nationalequip, dann wier hieren Stadion grad sou eidel wei eisen.
  • Frédéric Braun meint:
    05.03.2010, 16:39 Uhr
    Lächerlech deen ganzen Projet. Firwaat soll deen Stadion gut sin? Den Josy Barthel ass schon ze grouss fir deen Amateurfussbal wou do gespillt gett!
    Mee sou ass daat eben wann zevill Suen do sin. Zu Dubai hun se och eng Ski-Haal an d'Wüst gebaut...
  • Paul Krier meint:
    05.03.2010, 16:13 Uhr
    Ech hun et esou gär, e Land voller NIMBY'en!

    Merci Här Kremer fir Är encourageant Wieder!

    1) De Stadion an Akafszenter gin privat finanzéiert an daat ass e Fakt!
    2) Arbechtsplazen gin och do geschaaf, e weider Fakt!
    3) E groussen Deel vun deem Areal ass Benzol-verdreckt vun der Aire de Berchem - e Fakt!
    4) De Stadion & Akafszenter wärten un der Autobunn an net MATTEN AN LEIWENG leien - e Fakt!
    5) D'Lëtzebuerger Futtball Nationaléquipe ass esou gudd wéi schon laang net méi - e Fakt! (inkl. ronn 15 Jugendspiller an auslänneschen Fussballschoulen)
    6) De Stade Josy Barthel ass uraal an et ass kee wonner, datt keng Leit méi dohinner gin, well se bei all wieder dobaussen sëtzen - e Fakt! (ergo niddereg Zuschauerzuelen)

    A jiddereen, deen elo seet dee Stadion géif een nie voll kréien, soll emol säin hënneschten hiewen an de Match net op em TV kucken, mä live am Stadion. Mä enger anscheinend schlechter Équipe ze hëllefen, besser ze gin, se ze ËNNERSTËTZEN, passt net an d'Lëtzebuerger Mentalitéit - mir komme léiwer just kucke wann se gewannen an während den aaneren Zäiten doe mer de preisëschen Trikot un. Waat ass elo méi aaremséileg? En neie Stadion ze fuerden oder déi schäiss Mentalitéit vun de Leit?

    Daat selwecht gëllt jo och fir de Bénévolat an de Veräiner. Haaptsaach iwwer alles meckeren awer nëmmen keng Hand selwer upaaken an sech zu eppes bekennen.
  • baba aly meint:
    05.03.2010, 16:03 Uhr
    @carlo kremer:
    da sot mier mol wou do arbeschtsplazen entstinn wa mir een neien fussballstadion bauen!
  • Matthieu Cordonnier meint:
    05.03.2010, 15:50 Uhr
    Ass daat do wirlech néideg mëtten an der Finanzkriis? Siehe 15.000 Chômeur'en...

    Wär et net méi sënnvoll d'Suen an en draispueregen Ausbau vun éisen Autobunnen z'investéieren, schliesslech stin all Daag 100.000'en Léit am Stau an keen Mensch an engem Fussballstadium...
  • M. L. meint:
    05.03.2010, 15:46 Uhr
    Geschter woren emmer hin gefillten 100 Leit am Stadion !
    Virwaat een neien ?
    Mir sinn hei net an Italien wou all Euro an den Fussball geet !
  • baba aly meint:
    05.03.2010, 14:17 Uhr
    Wat heecht dann hei ''hohes verkehrsaufkomen''?? bei 1247 leit dei am duerchschnett deen trallala kuke gin kennt net mei ''verkeier'' op wei op engem normalen wochendaag...
  • Jay Anders meint:
    05.03.2010, 14:12 Uhr
    Na ja, da unsere Nationalmannschaft ja immer verliert (oder fast immer) muss es am Stadium Josy Barthel liegen. Das ist schon eine wichtige Ursache um ein neues überdimensionale Stadium zu bauen mit 10.000 Plätzen damit die 2000 Fans auch sicher sind einen Platz zu finden. Wie schon so oft, erst wird Gebaut, dann wird es teurer als vorgesehen und dann fragt man sich zuletzt warum brauchen wir das eigentlich....
  • Carlo Kremer meint:
    05.03.2010, 14:08 Uhr
    Typesch Letzebuerg:
    Dat domatter awer Aarbehtsplaatzen an der Regioun entstinn ass den Leit awer nees egal. Mir hu schiesslech een Job, eis geet et jo gutt.
    All Kéiers dat selwecht Gstreits hei am Land, wann eppes Neits soll entstoen.
    A wat hëlleft et eis? Wéi goung et eis mam Ikea? Den Ikea steet elo an der Belscht an den Traffic hu mir Lëtzebuerger trotzdem behalen!
    Weider sou dir Tockskäpp, dir sidd um richtigen Wee!
    Wirtschaftskriis an Chomage hu mir nët hei zu Lëtzeburg!
  • Nemo Impune meint:
    05.03.2010, 13:53 Uhr
    Daat war jo och net anescht ze erwaarden. Typesch Letzebuerg eben. „Die Becca-Gruppe will ihre Grundstücke in Liwingen aufwerten.“ Jo mais den Här Becca investeiert awer och zimlech vill Suen an dreid de ganze Risiko. E neie Stadion ass iwwerfälleg. An dann dat Argument mam "hohen Verkehrsaufkommen" Wei ass et dann domadder beim aktuellen Stadion ? An iwwerhaapt nennt mer eng Plaatz zu Letzebuerg ewou keen "hohes Verkehrsaufkommen" ass. Also egaal waat deenen hir Argumenter !