09.09.2010 09:34 Uhr




Fußball-Nationalmannschaft
Prämie für eine Niederlage?
FLF-Verwaltungsrat soll Einzelheiten am kommenden Montag festlegen

Foto: ap
Der Luxemburger Tom Laterza setzt sich gegen einen albanischen Spieler durch.

(grl) - Saft- und kraftlos wirkte die Luxemburger Nationalmannschaft zum Auftakt der EM-Qualifikation bei der 0:3-Heimniederlage gegen Bosnien-Herzegowina. In der zweiten Begegnung, am Dienstag in Albanien, stimmte allerdings wenigstens die Einstellung der Schützlinge von Nationaltrainer Luc Holtz, trotz einer weiteren Nullnummer.

Dafür, oder vielleicht dafür, dass anstatt einmal (gegen Bosnien-Herzegowina) nun gleich zweimal auf das gegnerische Tor geschossen wurde (oder etwa weil ein Freistoß an der Latte scheiterte), sollen die Akteure honoriert werden. Das ließ jedenfalls FLF-Präsident Paul Philipp nach der Partie in der Kabine verlauten, ohne aber auf Einzelheiten einzugehen. Diese soll der FLF-Verwaltungsrat am kommenden Montag festlegen.

Eine Prämie für eine Niederlage? Wohl einmalig im Luxemburger Sport. Selbst wenn man „nur“ 0:1 unterlag und „vorbildlich“ wirkte, scheint dies doch übertrieben und das falsche Signal. Prämien ja, aber nur bei einem positiven Resultat, ansonsten man dem Missbrauch Tür und Tor öffnet. Die Allgewaltigen des Verbandes sollten es sich noch einmal überlegen ...

Ihre Meinung zum Thema

( 21 )
  • vu Kautebaach Pitti meint:
    10.09.2010, 22:51 Uhr
    Des Diskussioun geet leider e bessen aus de Féiss.

    Un all Dir léif Fussballfans:
    Ass et richteg dass een fir eng Nidderlaag eng Primm kritt.
    Ech soen radikal NEEN, a mat mir och ganz vill aner Leit.
    Der Här Paul Philipp dréit emmer méi um Rad.
    Ech kennen hien nach aus der Zäit wou en nach Trainer war, hun en deemols no verschiddenen Nidderlaagen erlieft.
    Jejejejeje
  • Paul Krier meint:
    10.09.2010, 16:22 Uhr
    @Arbeit machtSpass: dann kommt eng Kéier matt op Sponsoresich, beim Fussball kritt een 9 vun 10 Diere virun der Nues zougeklaakt. A Basket & Velo kréie mer jo vill méi Medienpräsenz wéi de Fussball! Woubäi d'Leeschtungen am Basket op internationalem Plang net bescheiden sinn, mä inexistent.
    An e Sponsor kënnt net einfach bei ee schellen a seet "hei ech hu Geld ze vill, wëllt der et?" - vläicht läit et jo och dorun, datt sech d'Leit besser beméihen wéi an aanerer Sportarten? Wéi gesoot, jiddereen ass wëllkomm eng Kéier matt op Sponsoresich ze goen, daat ass richteg spannend, ech schwetzen aus Erfahrung!
    An d'Zuschauerzuelen sinn och net méi niddereg wéi an aanere Sportarten. Daat get zwar gär esou duergestalt, ass awer leider kee Fakt. Am Fussball läit d'Moyenne aktuell an der BGL Ligue bei ca. 450.
    A waat huet daat Ganzt matt Politik ze dinn? Jo 30000 Leit si vläicht eng grouss Wielerschar, daat stëmmt.
  • Arbeit machtSpass meint:
    10.09.2010, 14:12 Uhr
    Fakt as, dass déi 2. populärst Sportart, esou wéi anerer och, genee de selwechten Opwand muss bedreiwen, genee esou vun benevoler Arbecht ofhängeg ass, mee bei all zweeten Sponsor gesot kritt: keen Budget, hunn alles an den Fussball gestach.

    Kloer, kann jidfereen machen wat e wellt, mee vill Sponsoren machen et net fir den Fussball we ennerstetzen, mee well se blann dohinner laafen wou se am meeschten an den Medien sinn. An dann freet een sech eben: firwat? Firwat huet den Fussball esou en héigen Stellenwert an eisen Medien? Et ginn net wirklech vill Leit e kucken an Leeschtung as och net vill do.

    Näischt géint Fussball, mee leider kommen déi aner Sportarten durch dat politescht Gelaabers ze kuurz.
  • Paul Krier meint:
    10.09.2010, 11:51 Uhr
    @2605 mr.: wéi e Privileg genéisst de Fussball dann? Datt se an absolute Chifferen méi Subside kréien wéi aaner Sportarten? Daat ass jo och normal, well sie ronn duebel esou vill Memberen hunn wéi déi 2. populärst Sportart am Land.

    An nach eng Kéier: wann ech déck do wier a mer et kéint leeschten, Sponsoring ze bedreiwen, kann kee mier verbidden, do ze investéiere wou ech wëll. An daat wier a méngem Fall am Fussball. An daat muss een net novollzéihe kënnen, do schwetzt vläicht éischter den Näid matt, datt een un esou Fakten Kritik ausübt.

    Zur Fusssballschoul: wann d'FLF sech déi kann leeschten, hunn och sie d'Recht an d'Fräiheet, déi ze bedreiwen. Well déi Schoul ass e gudd Sprangbriet fir an de (Pre-)Profiberäich (wéivill Lëtzebuerg si schon an auslänneschen Fussballschoulen? Ouni FLF Fussballschoul wieren et der laang net esou vill!)

    An daat matt den Zuschauer kéinte mir alleguer zesummen problemlos no uewe korrigéieren, wann mer net all permanent géifen zwanghaft no Excuse sichen net dohinner ze goen.
  • 2605 mr meint:
    10.09.2010, 09:46 Uhr
    @ arbeit macht frei, du hues recht well mir jo réell nie op eng EM oder WM fueren mam Fussball, kennen mir vir geld spueren an National-équipe ofschaafen.

    ech well och eng prime, fänken dann och unn mat fussball spillen, brengen zwar keng resultater, mais verspriechen awer vill ze schwetzen wann ech dann och eng pei kreien.
  • 2605 mr meint:
    10.09.2010, 09:39 Uhr
    @pro kontra, du hues recht an kann dat och bestätegen
    @paul kreier, all sport ass gudd, an do leit eben d'kromm an der heck; den fussball geneisst zou onrecht en privileg. get zevill ennerstetzt. (monnerecher fussball-schouel ass eng frechheet vir anner sport-arten)

    ech kann net novollzeien virwat sponsoren doranner hiert geld stiechen. weineg zuschauer, keng resultater(international oder réginal), schlechten fussball.
  • 2605 mr meint:
    10.09.2010, 08:58 Uhr
    @pro kontra, du hues recht an kann dat och bestätegen
    @paul kreier, all sport ass gudd, an do leit eben d'kromm an der heck; den fussball geneisst zou onrecht en privileg. get zevill ennerstetzt. (monnerecher fussball-schouel ass eng frechheet vir anner sport-arten)

    ech kann net novollzeien virwat sponsoren doranner hiert geld stiechen. weineg zuschauer, keng resultater(international oder réginal), schlechten fussball.
  • 2605 mr meint:
    10.09.2010, 08:48 Uhr
    weivill souen get nach an den fussball gepommpelt ouni resultater. aaner sport-arten, sinn réel ambassadeuren vir letzebuerg ginn awer nach laang net sou gefuerdert, weder am jugend bereich, nach am neo-profi bereich.
    ech muss mein material selwer bezuelen, trainings-primen ginn et net, ausland training bezuelen mir all aus eegener tesch, bezins-cart ??? , .....

    geingen dei selwecht spiller och an der national-équipe spillen ouni trainings-camp am sonnegen ausland, ouni primen, an nach eng deck pei.....

    den problem bleiwt nach laang bestoen, well keen sech traut hinnen den krunn zou ze dreinen. sie hunn zwar vill lizenzen bei den kanner, mais ab scolairen ass nemmen mei d'hallechent nach do. an zuschauer sinn och net vill do. (nei an mei grouss stadion'en, vir ween)

    en plus leiden dei spiller an trainer ennert grausamer selbstiwerschätzung.
  • vu Kautebaach Pitti meint:
    09.09.2010, 20:39 Uhr
    Den Här Paul Philipp huet se dach net all wann en mat eou enger Iddi kennt.
    Keng Leeschtung, kee Frick.
    Letzebuerg huet oft genuch vill an souguer vill ze vill Suen fir Sportler ausginn, sou den Här Girardelli, awer deen huet hei net nemmen kasséiert, mee och nach Leeschtung bruecht
  • pippo fontana meint:
    09.09.2010, 17:49 Uhr
    Mool eng aner Froo: Dei Suen dei di Jongen alt sou "niewelaanscht" kreien op Verein oder National Equippe, versteieren se daat Akommes dann och???

    Zu der Primme: Jo ech hätt hinnen och eng ginn, an zwar: Jongen di dierft mam Fliiger matt Heem....!!! Wann se mei heich verluer hätten wieren se mam Bus oder mam Velo komm dei P....

    Suen fir eng "gudd" Neierlaag wou senn mer dann hei!!!

    Dei Suen sollen an Infrastrukturen fir d'Jugend gestach ginn oder nach besser, eis "National Equippe vun der Stroos" Sponseren, well dei ginn emmerhin op d'Weltmeeschterschaft vun den "SDF'en" !!! (Wann se dann genuch Suen zesummen kréien...)
  • Becher-Lein Jean meint:
    09.09.2010, 16:03 Uhr
    ech fannen dei idi super, well si demonstréiert daat waat de fussball hei am land ass : NEISCHT a gudd bezuelt !
    ---
    p.s. ech si liddreg wéi sankt jopp, wou kann ech mech hiwenden fir eng primm ze kréien, wann ech zumindest interesséiert drakucken ?
  • Arbeit machtSpass meint:
    09.09.2010, 15:58 Uhr
    @M. Enders: selten esou en ... Kommentar gelies. Et reecht mech op wann Leit esou Kommentaren lasslossen, bei deem nees alles an een Dëppen geschmass gett ouni iwerhaapt ze wëssen em waat en am Detail geet, well dass et bei den Banken oft deck Clienten waren déi opschon se vun dem Looser bei der Bank gewarnt goufen trotzdem drop bestaanen hunn an divers Sachen ze investéieren, dovunn schwätzt keen. An dass et net den klengen Banker oder Middlemanagement Männchen bei der Bank X war deen dat ganzt verursacht huet, dorunn denkt och keen. VIRUN ALLEM awer denkt keen drun, dass den Ursprong ganz oft beim KONSUMENT selwer läit: en Artikel oder eng Dengschtleeschtung dierf nix kaschten muss awer perfekt sinn. Geiz ist geil - d'Resultat dovunner nennt sech Kriis, ennert anerem.

    Zum Fussball: et sollt een net den Fussball ofschaafen, mee d'Nationalequipe inkl. der aktueller FLF. Entweder mir décidéieren eis derfir, dass mer international wellen mattspillen - an kucken dass mer eng entspriechend Profi Struktur opbauen, oder awer mer lossen et sinn, a spillen heiheem eisen Fussball Sonndes nomettes (awer nemmen wann et net reent, soss ass jo Bulli) a lossen déi aner op d'WM oder EM fueren.

    Primen fir eng Minusleeschtung bezuelen? Hudd der se nach all? Ech géif soen, huelt dat Geld an spend et, dann as et et besser ugeluecht.
  • M. Enders meint:
    09.09.2010, 14:26 Uhr
    prämien fir looser. wat bei den banken jo schon usus as, setzt sech dann lo wuel gären am sport virun...

    vive letzebuerg!
  • christophe nanni meint:
    09.09.2010, 12:49 Uhr
    @baba aly: haha déi idee mat de fans ass emol guer net sou schlecht, kennen een dee scho vu klengem aus un all match kucken geet, deen huet jo scho vill geld ausgin fir eis equipe z'ënnerstëtzen, wier jo gerecht wann d'fans mol eng kéier ee "merci" géife kréien...
    Naja, d'jongen kënnen fir hieren asaatz roueg gelouwt gin, mee eng prime fir verluer ze hun geet vläicht e bessi ze wäit, 0:1 verléiren ass jo net ziel an zweck vum fussball...
  • benny boudia meint:
    09.09.2010, 12:35 Uhr
    wat ging Boudias Benny soen:
    keng Leeschtung = keng Suen

    dem Här Philipp schéngt dat Gesetz scho jorzéngtelaang nick anzeliichten. Wéi an Nordkorea braucht et vläit nick grad zouzegoen, mä fir sou sabbeleg Resultater och nach Suen ze kréien, dat ass ganz kloer e falscht Zeechen.
    Grad als Ex-Schoulmeeschter sollt hien dat dach wëssen.

    Souwisou, als Spiller ging ech mech schummen dofir och nach Suen anzestiechen a ging se spenden. 100% an ech si mer sécher, datt eng Partie Spiller dat och maachen, ouni et un déi grouss Glack ze hänken.
  • Paul Krier meint:
    09.09.2010, 11:25 Uhr
    @aly baba: als treie Supporter an Engagéierten an engem Club kann ech Iech do just Recht ginn, et freet ee sech wéi Leit op esou Iddie kommen. Kruuten se dann Primen no de 5 Punkten an der leschter Campagne inkl. em 2-1 an der Schwäiz? Ech si fir de Leeschtungsprinzip: 0 Punkten = 0 € Prime, do get et guer näischt ze diskutéieren.

    @Pier Schmitz: Ech soen Iech Merci fir datt Leit wéi Dir ëmmer erem esou motivant Kommentaren op esou ëffentleche Plattformen ofgidd, leider ass daat nun emol Äert gudd Recht. Mä et gi Leit déi eben gäre Fussball spillen a wann Dir hinnen daat wëllt verbidden, dann huet Dir eng zimlech diktatorësch an ondemokratësch Oder un Iech! A wann dann ee Sponsor do wëll Geld dra pompelen, ass daat och séng Saach. Dir wëllt hei d'Fräiheet vun 30000 Fussballspiller beschneiden. Eng aaner Fro un Iech: sidd Dir iwwerhaapt an engem Veräin engagéiert? Well op Bénévolen wierkt Äre Kommentar genau esou respektlos wéi d'Diskussioun, datt ee bei enger Néierlaag soll Geld kréien!
  • Pro Kontra meint:
    09.09.2010, 11:06 Uhr
    Ech kennen selwer Leit dei an der Nationalequipe spillen bzw. gespillt hun an waat do mais awer och an den klengen Cluben mat Geld em sech geschmass get daat geet op keng Kouhaut!
    An et as net nemmen bores. Sou hescht et daat alt och mol Gemengenplatzen versprach gin an et sollen souguer schon Spiller Terraien fir hieren Transfert an en aaneren Club kritt hun.

    Wann se geifen op Leschtung bezuelt gin dann missten se nach Suen matbrengen fir dierfen ze spillen!
  • Pier Schmitz meint:
    09.09.2010, 10:34 Uhr
    Schaaft dach deen topegen Fussball endlech oof. Letzebuerg waert souweisou nie eppes am Fussball gin. Dei Suen dei onnetz do ran gepompelt gin keint een genausougudd op aner Sportarten verdeelen wou weinstens eppes geleescht gett.
  • baba aly meint:
    09.09.2010, 10:19 Uhr
    sollen die Akteure honoriert werden... si hätte besser deenen treie fans déi all kéiers kuke gin jidderengem 100 euro ze gin als entschiedegung fir deen armut mussen mat unzekucken, lächerlech dat ganzt!

    de paul philipp schéngt an anere sphären ze schwiewen wei all déi aner
  • Jay Anders meint:
    09.09.2010, 09:48 Uhr
    Na wenn die Nationalmannschaft auf positive Resultate warten muss, kann es noch lange dauern bis eine Prämie bezahlt wird. 0:1 ist für uns schon eine Leistung und eine kleine Belohnung kann auf jedenfall nicht schaden.
  • A. S. meint:
    09.09.2010, 09:45 Uhr
    Egal waat!
    Alt erem e Beweis, dass de Fussball Sue kritt!