wort.lu | Lëtzebuerg | Lohnkürzungen für CGFP "kein Thema"
 
Öffentlicher Dienst
08.02.2010 14:38 Uhr, aktualisiert 08.02.2010 14:54 Uhr

Lohnkürzungen für CGFP "kein Thema"

Gewerkschaft will "Sonderopfer" für Beamte abwenden



Foto: CGFP
Die CGFP-Spitze nach einer Sitzung des Nationalvorstands.

(vb) – Die Staatsbeamtengewerkschaft CGFP warnt vor Einsparungen im öffentlichen Dienst. Im Vorfeld der Tripartite hat sich die CGFP-Spitze auf die Fahnen geschrieben, "Sonderopfer" von der Beamtenschaft abzuwenden.

Über das Thema Index und seine mögliche Aussetzung ist die Beamtengewerkschaft bei der Tripartite nicht bereit zu diskutieren. Auch die Gehälterreform im öffentlichen Dienst gehöre nicht dorthin, sagte CGFP-Generalsekretär Romain Wolff am Montag. Ohnehin seien Lohnkürzungen für die CGFP "kein Thema".

Während die Staatsfinanzen sich nach Ansicht der CGFP "nicht dramatisch" verschlechtert hätten, sieht die Gewerkschaft die Lage auf dem Arbeitsmarkt als weitaus bedrohlicher an. Romain Wolff signalisierte Kompromissbereitschaft, die Solidaritätssteuer zu erhöhen. "Diese Maßnahme wäre gerechtfertigt, um den Fonds pour l'emploi zu speisen", sagte er.

Gegen Auslagerung von Gemeindepersonal

Zudem will sich die CGFP stark machen gegen die Auslagerung von Teilen des öffentlichen Dienstes in Privatunternehmen, wie die Gewerkschaft es bei der Post befürchtet. So könnten ihrer Einschätzung nach verbeamtete Briefträger nach und nach durch Zeitarbeiter oder andere Privatangestellte ersetzt werden. Dies sei ein Angriff auf das öffentliche Statut. Auch bei den städtischen Gas- und Elektrizitätswerken will die Gewerkschaft der Auslagerung von Personal einen Riegel vorschieben.

Ihre Meinung zum Thema

( 12 )
  • Adam Ries meint:
    11.02.2010, 00:52 Uhr
    @Pink Mister:
    Ech kann är Iwwerleeungen novollzéien (och wann ech är Konklusiounen net onbedingt deelen), mä mat de 50-70% kann ech ënnert där allgemenger Form kengesfalls averstane sinn. Perséinlech hunn ech zwar keng riseg Vergläichsbasis, mä ee Verglach deen ech konkret zéie kann ass dee mat Kollegen op enger Bank.

    Do ass effektiv den Ufankssalaire méi niddreg, awer gläichzäiteg hu se d'Méiglechkeet en Immobilieprêt zu extrem vergënschtegte Conditiounen ze kréien. Och wann deen Avantage fir de Moment net méi sou vill wäert ass wéi nach virun een, zwee Joer, sou ass et awer am Normalfall eng ganz däitlech Erspuernis op der Mensualité. Wann een dann nach berücksichtegt dass et och nach eng Juni-Prime gëtt, dann ass de "Virsprong" um Ufank vun der Beamtecarrière op eemol guer net méi esou grouss. Vu 50% Ënnerscheed ass ee jiddefalls wäit ewesch, och scho beim renge Brutto-Salaire.

    Et ass ebe virun allem am Privatsektor/als Indépendant wou et riseg Diskrepanze gi wat den Ufanksrevenu an d'Entwécklung vun de Revenuen ugeet, et kann een awer net drop schléissen dass d'Staatspaië quasi aus enger anerer Welt wieren.
    (Ech wëll awer och ënnersträichen dass meng Usiichte sech hei virun allem op di universitär Carrièrë bezéien.)
  • Pink Mister meint:
    10.02.2010, 12:54 Uhr
    @Adam Ries: Ech probéieren fier op är 2 Froen ze äntweren:
    Ech sin der Meenung dass et gesellschaftlech ongesond ass dass jonk Leit beim Staat um Ufank vun hierem Aarbechtsliewen 50-70% méi Suen kréien wéi daat waat de Marché hiergët. Nët dass de private Marché déi absolut Wourecht ass, mee d'Diakrepanz ass einfach ze grouss an féiert zu enger 2-Klassegesellschaft.
    Falls een vun Ufank un vill kritt an duerno nët méi vill dobei, get daat den Androck dass een sech net méi ustrenge muss falls een mol 'dobannen' ass. Déi héich Pei ass aquis. Déi lues Evolutioun duerno féiert zu Defetismus.
    Et muss een mat 24 Joer net en Appartement, e BMW an 3 Vakanzen am Joer hun. Op d'Zäit frustréiert daat well et schwéier ze steigeren ass. D'menschlech Natur ass nun emol sou.

    Falls daat elo e bessen paternalistesch klengt, dann ass daat och sou gemengt. De Papa Staat soll seng Aarbechtsbelegschaft dozou opmonteren während hierer ganzer Karriär daat bescht ze gin, an nët nëmmen fier den Opnahmeexamen belounen.

    Op d'ganz Aarbechtsliewen bezunn fannen ech iwweregens nët dass de Staat ze vill bezillt.
  • Stojan Kocanov meint:
    09.02.2010, 19:56 Uhr
    Keiner soll ihre gehaelter angreifen.Die leute arbeiten hard und haben recht auf guttes Geld in ihren Taschen.Schlieslich haben die Arbeitsplaetzen von ihren Vaeter geerbt.13 Gehalt noch darzu.Von so etwas kann jemand wie Ich der dreckigsten arbeiten macht und verdient 1.600€ Monatlich nur treumen.Rechtstaat Luxembourg HAHAHAHAHA.
  • Adam Ries meint:
    09.02.2010, 17:38 Uhr
    @Pink Mister:
    Just kuerz zum leidegen Thema vun den Ufanksgehälter:

    - Wat ass dann esou schlëmm dorunner dass e Jonken an enger héigerer Carrière sech eng eegen Existenz opbaue kann inklusiv dem Kaf vun engem Appartement an eisem deiere Lëtzebuerg?
    - Wat ass esou schlëmm dorunner dass ee beim Staat eben e méi héicht Ufanksgehalt huet an am Géigenzuch awer weess dass ee mam fin de carrière zwar gutt liewe kann awer kengesfalls räich wäert ginn?

    Wann ee sech seng Gedanken iwwert Gehälter maache wëll wier et vläicht am Beschte mol unzefänken beim Sënn oder Onsënn vun de gesamtgesellschaftleche Revenusstrukturen. Do sinn et nämlech kengeswegs d'Carrièrë vum Staat wou der di gréissten Ongerechtegkeeten an Ongereimtheeten wäert fannen. Weder am Absoluten nach am Relativen.

    Do ass et direkt vill méi einfach eng Neiddebatte ze féieren.

    A sou ofgedroschen déi Phras och ass, den Accès zum Beamtestatut gewënnt een net an der Loterie. Och net deen zu der Carrière supérieure déi hei als Beispill muss hierhalen.

    Mat beschte Gréiss
  • Pink Mister meint:
    09.02.2010, 14:25 Uhr
    Ech fannen déi Diskussioun hei ganz gudd an daat éischt Ziel ass schons ereescht: Mat all deenen verbalen Attacken op d'Staatsbeamten ass d'CGFP an d'Defensiv gerutscht an verlaangt nët méi wéi virun engem gudde Joer nach eng Gehälterrevisoun mat Gehaltserhéigungen. Am Moment verteidegen se just nach de Stauts Quo (an daat as legitim).

    Duerch daat Gejäitz no enger Gehälterrevisioun ass d'Politik op deen Zuch opgesprong an eise Premier huet d'Geleegenheet gepaakt fier eng generell Reform unzegoen:
    - méi kleng Ufangsgehälter (mat 23 Joer brauch een keng 5200€ an der carrrière supérieure)
    - méi laang Carrièren (sou dass een mat 40 nach nët am 'fin de carrière' ass)
    - leeschtungsorientéiert Promotioun (fier dass déi Liddereg nët klammen an déi Fläisseg motivéiert gin)
    - flexibel Astellungskritären dass een méi einfach teschend der Fonction Publique an der Privatwirtscheft wiessele kann

    Daat sin déi Mesuren déi eist Land brauch fier eng effizient Foonction Publique an en gudden Service Public ze behaalen. Daat dauert mier zwar alles e bessen ze laang, mee et geet an déi richteg Richtung. Hoffentlech geet eiser Regierung net iergendwann de Mut aus oder se trentelen nees bis zu den nächste Wahlen...
  • G. M. meint:
    09.02.2010, 09:35 Uhr
    -wann et faerdeg as fueren se op de banken mat gestaltem
    auto weider,amir kreien den 13 mount ewech geholl.
  • Arbeit machtSpass meint:
    09.02.2010, 08:31 Uhr
    @Nic Scheitler: déi liewen an enger Welt an där et heescht net direkt alles opzegin fir dat een lang oder ganz lang gekämpft huet. Dat heescht net, dass een net och säin Deel zum allgemengen Wuelstand kann oder well bäidroen, mee dat heescht dass een net zu allem direkt muss jo soen - schon guer net wann et sech em populistesch Parolen etc handelt. Ech wees zum Beispill net wien op d'Idee komm as fir ze proposéieren bei den Staatsbeamten den 13 Mount ze sträichen - just fir d'Staatsfinanzen ze verbeseren. Dat muss een sech iwerleen! Deen eenzelnen Beamten aus enger Carrière inférieure oder Carrière moyenne (rédacteur) kann mat Secherheet näischt genauso vill oder wéineg fir d'Crise wéi een x-beliebegen Matarbechter an engem Privatbetrieb (deen wann en eppes geléiert huet och zimlech gudd verdengt). Solle mer dann elo iwerall den 13 Mount sträichen goen? An dann kräischen wann d'Leit der Reih no manner konsomméieren? Et gett extrem oft vergiess, dass all EUR deen een dem PrivatMENSCH eweg hellt, dësen der 2 wärt manner ausgin. Gin d'Leit insgesamt manner aus, kritt d'Wirtschaft manner eran, den Staat och manner Ofgaben (also manner eran), et kennt zur Rezensioun, an d'Diskussiounen gin nees vun vir lass. Dann huele mer nees eweg, asw...

    Eisen Staat géif wirlech gudd drun doen, fir ze kucken wou en spueren kann MEE bei deieren an net onbedengt noutwennegen Projeten d.h. Projeten déi nach net ugefangen sin (déi aner sollen färdeg gemach gin, soss machen Entrepreneuren faillite). Et sollt een den Leit net zevill zomudden, dat dréit näischt zum sozialen Fridden bäi, an dann gett nach méi een deem aneren säin Däiwel (siehe eis Nopeschlänner, wou den Staat emmer nemmen hellt an hellt an hellt...)
  • .. MalakaMisch meint:
    09.02.2010, 07:27 Uhr
    @ Nic Scheitler: D'CGFP erklärt jidderengem deen et net versteet ganz gaeren, et muss een just eng keier froen.
    Et ass sech d'Liewen einfach gemaach wann op der Tripartite de Beamten de schwaarzen peiter einfach zouspillt ouni fundeiert Argumenter an Grenn. (rouech mol www.cgfp.lu an der rubrique fact-sheets noliesen goen)
  • V. R. meint:
    08.02.2010, 22:25 Uhr
    Se liewen an engem Land voller hasserfëllten Neid géint Staatsbeamten, an engem Land wou déi permanent Attacken géint Fonction publique mech un ganz donklen Zäiten erënneren...Ne pas se tromper d'ennemi.
  • Gordon Brown meint:
    08.02.2010, 21:59 Uhr
    Bonsoir

    Ech sin erverstannen mat der CGFP, dass Erspuerungen bei der Fonction Publique net sollen bei der Tripartite diskuteiert gin !

    An Zuehlen ausgedreckt :

    Mais et ass net ze dénieiren dass d’Land Lëtzebuerg Dépensen pro Joer huet vun ronn 9.8 Milliarden Euro (http://www.igf.etat.lu/pb2010.pdf).

    Dorenner dei drei greissten Posten :

    - Sécurité Sociale : 3.3 Milliarden Euro

    - Salairen Fonction Publique : 1.9 Milliarden Euro

    - Dotations de fonds de réserve : 1.7 Milliarden Euro
    (Dotations de fonds de réserve dat sin grosso modo Financement vun den Fonds spéciaux de l'Etat - Beispiel : Gemengen, Infrastructure vum Land, Pensiounen, Fonds pour l’emploi dorenner Chômage, préretraite an emploi de jeunes)

    Am Budget 2010 sin fir d’Remboursement vun den Intérêts de la dette publique virgesin : 129 Millionen Euro dat sin an Prozent ausgerechnet : 1.3% vun den Total Dépensen

    Wann ons Recetten weinst Secret Bancaire weg, Accisen op Benzin weg, massiv fallen sin mier ganz schnell um selweschten niveau wei ons Nopeschlaenner ukomm.

    Dat heecht 20 bis 25% vun onsen Total Dépensen gin dann gebraucht vir Dette publique ze rembourseiren (+/-2.4 Milliarden Euro).

    Macht einfach Rechnung :
    Budget 2010 : Recettes 8.5 Mia – Dépenses 9.8 Mia = Déficit 1.3 Mia

    Dat heecht an en puer Joer kennen mier just nach ons

    Sécurité Sociale : 44% vum Budget
    Salairen Fonction Publique : 25% vum Budget
    Dotation Fonds de Réserve (Chômage Pensiounen) : 25% vum Budget
    (wann alles selwescht bliwwen ass !)

    Finanzeiren !

    Bleiwen 6% vir den Rescht vum Staatsbudget

    Dei ethesch Fro dei sech ons Forces vives mussen stellen ?

    Muss elo ganz Lëtzebuerger Bevölkerung plus Frontaléien mat Steiererheihungen dofir bezuelen oder missten net dei drei grouss Dépensen Posten och Ofstrech an hieren Acquis mat an Kaaf huelen ?

    Denkt wann ech glifft un Zukunft vun onsem Land !

    Scheinen Owend

    Gordon

    PS : Garantien fir den Groupe Dexia vun 4.5 Mia € goufen nie activeiert alles am Budget 2010 erem ze fannen ...
  • Nic Scheitler meint:
    08.02.2010, 18:40 Uhr
    @boudia(kennt dat vun "bouder")an d'CGFP, an wat fir enger Welt liewen déi?Dat muss een mer erklären,dann verstinn ech et vieleicht!Méi ass dozou net ze soen.
  • benny boudia meint:
    08.02.2010, 15:32 Uhr
    duerhale Männer, wann ee Lëtzebuerger d'Fomel-1 kann opkafen, da sollt et dach och méiglech sinn, datt mir eis Paie rette beim Staat.