Journée de la Commémoration nationale
10.10.2009 14:06 Uhr

Proklamatioun vun der Regierung



Foto: Teddy Jaans
Am ganze Land gëtt bei de verschiddenen Denkmäler un d'Affer vum Zweete Weltkrich erënnert.

E vun den Elementer, déi eng Natioun begrënnen, ass eng gemeinsam Geschicht, déi och als dat vun der Populatioun acceptéiert gëtt. Dës Mémoire collective vun enger Natioun brauch symbolesch Datumen, un deene si déi staark Momenter vun hirer Geschicht kann an Erënnerung ruffe, fir se un déi jonk Generatioune weiderzeginn.

Dat wat an der Mémoire collective gespeichert ass, ass meeschtens net dem Zoufall iwwerlooss, mais d’Resultat vum politesche Wëllen. Well den Zweete Weltkrich an déi héich Zuel vun Affer zu Lëtzebuerg an eiser Geschicht zënter 1815 eng aussergewéinlech Period sinn, ass et selbstverständlech, datt mer all d’Erënnerung dorunner héichhalen.

Dofir rifft d’Regierung och dëst Joer d’Populatioun nees op, op dësem Dag un d’Affer vum Zweete Weltkrich ze denken. Zënter 1946 huet all Regierung dat gemat an et wäert och an denen nächste Joren esou sinn. Mat deem Opruff soll enger ganz mënschlecher Haltung, nämlech dem Vergiessen entgéintgewierkt ginn.

65 Joer si vergaang zënter de Grand-Duché vun alliéierten Truppe befreit gouf. D’Zuel vun eise Matbierger, déi sech nach un deen Dag vu Freed kënnen erënnere, gëtt all Joer méi kleng. Domadder ass d’Gefor ginn, datt mir een Deel vun eiser Mémoire collective, deen Deel, deen aus eegener Erfahrung am iwwerzeegensten deene jonke Generatioune ka vermëttele, wat deemols geschitt ass a wéi am Krich vun de Lëtzebuerger gelidde gouf, no an no verléieren.

Dat dierf net sinn. An dofir ass a bleift et wichteg, datt weiderhin un all Affer vum Zweete Weltkrich geduecht soll ginn. Niewt deene jährleche Gedenkfeieren a dem Dag vun der nationaler Commémoratioun, ass et genausou wichteg, an eise Schoulen d’Léieren aus der Vergaangenheet ze zéien. An enger Zäit, an där de Mangel un Zivismus ëmmer méi beklot gëtt, soll d’Beispill vu Courage, dee vill Lëtzebuerger am Zweete Weltkrich bewisen hunn, e Wee weisen, deen eng kritesch an engagéiert Jugend op hir Zukunft ka virbereeden.

Dofir loost mer op dësem Dag deene Lëtzebuerger gedenken, deenen hiert Verhalen an enger schwéierer Zäit d’Weiderbestoe vun de moraleschen an humane Wäerter erméiglecht huet, op deenen eist Zesummeliewen opgebaut ass: Fräiheet, Respekt an Toleranz.

Lëtzebuerg, den 9. Oktober 2009 D’Membere vun der Regierung: Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Nicolas Schmit, Octavie Modert, Marco Schank, Françoise Hetto-Gaasch, Romain Schneider.