03.09.2010 23:05 Uhr, aktualisiert 04.09.2010 01:41 Uhr




“Hells Angels MC Benelux Run” in Contern
Polizeiaufgebot bei Rockertreffen
Vic Reuter: "Reine Präventivkontrolle"

Foto: wort.lu
Autos und Motorräder wurden einer eingehenden Kontrolle unterzogen.

Eine großangelegte Polizeikontrolle erwartete am Freitagabend Motorradrocker, die sich in Contern zum “Hells Angels MC Benelux Run” trafen. Auf Antrag der Staatsanwaltschaft wurden in der Rue de Syren bis spät in die Nacht Autos und Motorräder kontrolliert.

“Bei der Aktion handelt es sich um eine reine Präventivkontrolle”, betonte der Pressesprecher der Polizei, Vic Reuter, gegenüber wort.lu. “Sollten wir jedoch Gesetzesverstöße feststellen, werden wir diese natürlich ahnden.”

Das Rockertreffen, mit dem der 30. Geburtstag des Luxemburger Motorradclubs "Devil's Advocates MC" gefeiert wird, findet bis Sonntagabend auf einem Privatgelände zwischen Contern und Syren statt.

Ihre Meinung zum Thema

( 11 )
  • Claude Pintsch meint:
    21.10.2010, 20:24 Uhr
    Ech hun deen Owend mat menger Band op den Devil's Advocates hirer Geburtsdagsfeier Musek gemaach, an ee groussen Deel vum Publikum waren Hells Angels. Daat war och net fir d'Eischt wou mir mat engem groussen Motorradsclub an Beréierung komm sin, an ech muss soen, et as nach emmer roueg erôfgaang. Schwaarz Schôf gin et bekanntlech iwwerall, och bei Police, Politik an Kiirch. Wann alleguer des Institutiounen dowéinst géifen esou streng kontrolléiert gin, waat wär daat ee Chaos Sonndesmoies virun der Kiirch, oder wann d?Partei XY virun de Wahlen hiirt Familljefest organiséiert...
    Ech fannen et iwwerdriwwen.
    Ah jo, ech kruut nach nie vun engem Rocker Drogen, Frâleit oder Waffen ugebueden, hun och nach nie esou een Handel kennen beobachten, an fillen mech méi wuehl op engem Motorradstreffen wéi bei enger Policekontroll :o)))
  • Sacha B. meint:
    05.09.2010, 12:49 Uhr
    "Gidd emol op d'Gare wëll do ass méi lass" ass natirlech en Doudschlagargument. Domat léisst sech alles rechtfertegen, op een elo an der Uertschaft ënnt oder op Hells Angels sech versammelen oder soss eppes geschitt waat dem Betraffenen net geet.
  • benny boudia meint:
    05.09.2010, 12:19 Uhr
    ganz gutt Saach dat doten, ise Polizisten en décke Merci fir hiren Asaz.

    An den Hell's Angels et co wënschen ech e flotten Owend mat enger DVD aus Hollywood. Do kënne se dann z.B. de Marlboro Man man Mickey Rourke kucken a sech dono nach e flotten Tatoo op hiren Aarm stieche loossen, sou mat engem Adler an engem Doudekapp, vläit och nach e puer Stären.

    Haaptsaach, si amëséiere sech gutt :-)
  • Albert Kreitz meint:
    05.09.2010, 09:43 Uhr
    @JJ Mc Clure:
    Op der Gare ass d'Police och präsent. Den Drogenproblem op der Gare ass méi schlëmm wéi déi puer Hells Angels. Wann een richteg Zeitung liest dann fënnt een eraus dass Police och op der Gare gudd Arbecht mecht awer sie kënnen net iwerall sinn. An et muss een Biker net matt Hells Angels vergläichen well dat sinn zwee puer Schung.
  • yuri DrSchiwago meint:
    05.09.2010, 09:26 Uhr
    "Reine Präventivkontrolle" wier tatsächtlech an der Staad op der Gare unbruecht, oder irren ech mech do?
  • X. Christian meint:
    04.09.2010, 21:18 Uhr
    Ech verstin wirkleg net ären Problem Herr JJ MC CLURE????? Hudd dir an der lescht Matkritt waat alles bei den Hells Angels gelaaf as??? Mord, Granaten geheit, Kläppereien,...............
    An wann dei Leit hei Kontrolleiert gin an Police fier d'Wuel vun den Leit suergt dann as do naischt dobei!!!
    Mee Herr JJ MC CLURE d'Police kann hier Arbescht och neier leen wann dir daat wellt!!!
    Ech sin frou, dass et eng Police get dei sech fier d'Matbierger asetzen an se probeiren ze schützen, dass een den Drogenhandel net kann vun engem Daag kann stoppen daat as kloer, mee Herr CLURE dir kennt och emmer hei liesen wann Dealer verhafft gin sin!!!!!
    Lost d'Police dach einfach hier Arbescht machen an kiert einfach virun ärer Dier!!!!!!
  • JJ Mc Clure meint:
    04.09.2010, 20:31 Uhr
    Fier dei Lait dei et besser ze wëssen schéngen. D'Hells Angels sin net verbueden. Datt verschiddener vun deenen keng Massendinger sin, daat well ech net bestreiden. Fakt ass datt dei "Biker" do nemmen een Week-End hei am Land sin an mei net.
    Wärend der Zait op der Gare, sou war et gemengt, laafen "Mattbierger" dei schon joerelaang illegal am Land sin de ganzen Daag, an Nuecht ronderem, an verkaafen Drogen un minderjähreg Schüler an klauen den 90 jähregen Boomen d'Pochen matzen am Daag.
  • Mousel Innchen meint:
    04.09.2010, 19:59 Uhr
    @JJ: E puer Biker schikanéiert? Déi "puer Biker", déi do ënnerwee sin, gehéiren zu engem groussen Deel zu den "Hell's Angels", wéi een op hire Jaquette liese kann. An do geet et em Drogen- a Mënschenhandel am grousse Stil.

    Firwaat mengen d'Leit ëmmer, alles besser ze wëssen wéi déi, déi eppes dervu verstin? De Parquet an d'Police wäerte scho wëssen, firwat se déi "puer" Biker kontrolléiren. An deem Sënn schléissen ech mech Ärem Commentaire un: Nëmme weider esou, Police a Parquet, a loosst Iech nët vun onqualifizéierten Commentaien ophaalen!
  • Jemp Belair-Ghetto meint:
    04.09.2010, 18:23 Uhr
    @JJ Mc Clure:

    Jo gell, bei den Hells Angels gët och NIE gedealt oder fléien d'Fatzen ...

    Dat sin just e puer harmlos Motorrad-Enthusiasten.
  • Sacha B. meint:
    04.09.2010, 18:17 Uhr
    @ JJ Mc Clure
    Ech mengen dir hudd den Artikel net gelies. Hei gëtt keen "schikanéiert", déi Leit ginn kontrolléiert, sou wéi jiddereen kann op der Strooss kontrolléiert ginn.
    Zu Recht ginn déi Leit och kontrolléiert...
    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/08/110684/luxemburger-hells-angel-festgenommen.php

    Et misst dach och am Interesse vun esou Veräiner sinn, dass déi schwarz Schoof erausgefiltert ginn, an d'Veräiner eben erëm e besseren Ruff kréien.
  • JJ Mc Clure meint:
    04.09.2010, 15:22 Uhr
    Lo gin hei epuer Biker schikaneiert an op der Gare gëtt an der selweschter Zait op oppener Stroos gedealt, geklaut an iwerfall datt d'Fatzen fleien. Nëmmen weider esou !!!