12.07.2010 10:28 Uhr




Mit 106 statt mit 50 km/h unterwegs
Schneller Zivilschützer freigesprochen
Appellationsrichter erkennen auf "Etat de nécessité".

(FeMo/gs) - Die Moseluferstraße in Stadtbredimus ist breit und sie ist schnurgerade. Bis zum Einsatzzentrum des Remicher Zivilschutzes sind es rund drei Kilometer. Am 4. Januar 2009 ist auf dieser Straße ein junger Zivilschützer besonders schnell unterwegs. Die Polizei misst eine Geschwindigkeit von 106 km/h - erlaubt sind 50 km/h. Die Beamten behalten die Fahrerlaubnis ein und leiten ein Strafverfahren ein.

Der Fall schlägt hohe Wellen und beschäftigt seitdem die Luxemburger Gerichte. Darf ein Zivilschützer die geltenden Vorschriften missachten, auch wenn er nur mit einem Privatfahrzeug unterwegs ist zu einem Einsatzzentrum? Er darf. Zu diesem Schluss kam an diesem Montag der Appellationshof Luxemburg.

Der Appellationshof sprach den 26-jährigen Rettungshelfer frei! Die Richter hielten dem Mann einen so genannten "entschuldigenden Notzustand", einen "Etat de nécessité", zugute. Damit schlossen sie sich dem Zuchtpolizeigericht Luxemburg an, das am 16. Februar 2010 zu demselben Urteil gekommen war.

Ihre Meinung zum Thema

( 30 )
  • Jos Soumer meint:
    23.07.2010, 10:42 Uhr
    @ Romain

    Et get keng Begrenzung, mais et get den Chaufferen fun Asaatzgefiehrer un d'Herz geluecht Sie sollen déi vitesse als Richtline ugesin an se wann méiglech anhalen sowéit et geht zur perséinlecher Secherheet an fir dennen anneren Leit hier Secherheet, wann se mat "Sonderrechter" ennerwee sin.
  • Jonathan Nagel meint:
    14.07.2010, 11:00 Uhr
    Also,
    lo mol eent nom aaneren, ech gehéiren selwer zu deen "Fräiwëllegen".
    Sinn awer seit Oktober wéinst meng Studium gréißten Deels an Deitschland, an gesinn dann och wéi et hei ass.
    Härr N.G. et war jo awer den Problem, dass eben keng méi "no" Ambulanz Asaatz bereed war! Des weideren hun ech als klengt Kand schon geléiert dat een den Ball nit no leeft an d'Stross. Leiwer en Ball den futti geht wéi dat mir eppes geschitt.
    106 (an méi um Tacho), am Duerf ass nit richteg, dat ginn ech zou, dass et iwwerhaapt zu deser Situatioun konnt kommen, ass menger Meenung awer deen mei groußen Problem/Fehler, an sou verstinn ech och d'Uerteel, sou wéi och an engem fréieren Urteel, steht, deen Schauffer ass zwar am Fehler, mee den Staat, deen et der zoukommen léist dat sou eng Situatioun am Rettungswiesen entsteht, ass mei am Fehler.
    An dann zu et muss proffessionaliséiert ginn, d'Léit mussen am Zenter sëtzen, mee dann "Geld" kréien, jo ok dann gesinn ech vollkommen an, an Deitschland hei gett et ganz vill sou gemeht. Jüst déi Fro, mat wengem Geld, mir hun es dach mol nit genug fir dat ze bezuelen, sou wéi et den moment leeft!
  • Romain .. meint:
    14.07.2010, 08:58 Uhr
    @ Soumer

    Ech mengen do huet enn ierch hannert d'Liicht gefouert. Am Lëtzebuergeschen Code de la route (http://www.legilux.public.lu/leg/textescoordonnes/codes/code_route/PAGE_ACCUEIL_CODE_ROUTE.pdf) steet néischt vun enger Begrenzung vun 80km/h. Woubéi et souwéisou keng 80 Begrenzung méi bei es get (75, 90...). Wann dann beléiert mech wmg.

    Kuckt no der Définition: 5.9. Service urgent: tout déplacement en véhicule qui requiert une intervention urgente pour sauver des vies humaines, pour prévenir des atteintes à l’intégrité physique de personnes, pour sauvegarder
    des biens, pour assurer la sûreté et la sécurité publiques et pour maintenir l’ordre public; ...

    An bei jider Artikel steet ... "aux conducteurs de véhicules utilisés en
    service urgent et énumérés à l’article 39, pour autant que le service l’exige et à condition qu’ils tiennent compte en toute circonstance des exigences de la sécurité de la circulation."

    Mä lo konkret - et soll en sengem Clieent ugepasst fueren - sou kann et och sen dass ee Wonn mat blo Luucht an Siren just 40 km/h fiert... well den Clieent net zevill geschaukelt darf gin - oder dBremsen an Ufueren deet em an all Glieder wéih... Also nom mengem Wessen eng 80 km/h Begrenzung get et net - mä den Mënschenverstand vum Schoffer ass gefroot "ils tiennent compte en toute circonstance des exigences de la sécurité de la circulation."
  • G. M. meint:
    14.07.2010, 08:17 Uhr
    GUT DAT DA DO ELO ENTLECH WUMM DESCH AS.ET MENGT EN DEI HÄTTEN SOSS NEISCHT ZEDIN
  • Nic Scheitler meint:
    13.07.2010, 22:14 Uhr
    Gëtt et eng Statistik aus der erfirgeet wou Pompjeen,Ambulanzen an Autoen vum Sauvetage an Akzidenter verweckelt waren, wann se op en Asatz gefuer sin?Wann jo, wat waren dann d'Ursachen?
  • N. G. meint:
    13.07.2010, 11:22 Uhr
    @Frank Klein
    Leider wesst diuer net wei weit et vun Reimech op Maacher ass, an dass des Ambulanz vum 112 geruff gouf ass mat Secherheet keen Cas de Nécessité mei. Ech sin selwer fraiwellegen an verstin dest Uerteel beim beschte Wellen net mei.
    Wann et Urgent gewiescht wier, wieren Centeren mei no gewiescht. Daat muss mol gesoot sin. Dei Ambulanz brauch op mannst 20 Minuten am Eildengscht, an do schwätzen mer net mei vum Cas de Nécessité, well op 20 oder 21 Minuten mecht do keen Ennerscheed mei, mä en doudegt Kand waat engem Ball noleeft an vun sou engem iwwerrannt gett, daat mecht en Ennerscheed oder en aanert onneideg provozeiert Akzident.
    Daat ass deene meeschten am Rettungswiesen Gott sei Dank bewosst, an dei aaner dierften an mengen Aan net fueren. Well d'Pompjeen, d'Ambulanz oder den Sauvettage mussen jo mol ganz ob d'Plaatz kommen, an do ass et heiansdo besser eng Minutt mei laang wei herno guer net oder leien ech do esou falsch Här Klein.
  • Dan T. meint:
    12.07.2010, 23:49 Uhr
    @Jos Soumer:
    Kennt der mer soen wou dat am Code de la route steet mat denen
    80 km/h?
    Am beschten de Link vun Legilux.
  • Sacha B. meint:
    12.07.2010, 23:09 Uhr
    Eng kleng Geldstroof à la 50 Euro hätt en awer kéinten kréien, einfach just symbolech dofir dass hei eppes net richt gelaaf ass.
    @ Jos Soumer
    Waat klappt dir dann elo hei op d'Police ? Déi hunn dach an dem hei Fall just hier Arbecht gemaach, schlussendlech ass et de Richter deen muss eng Decisioun huelen.
  • Reiner Hesse meint:
    12.07.2010, 22:54 Uhr
    An den "geneigten Leser und mündigen Bürger", hier wie gewünscht das gescholtene Urteil zur geflissentlichen Kenntnisnahme:

    http://www.justice.public.lu/fr/actualites/2010/07/arret-ambulancier-exces-vitesse/index.html

    Ich wünsche eine erhellende Lektüre.

    Mit kommunikativen Grüßen.
  • Andreas Hof meint:
    12.07.2010, 22:51 Uhr
    @ Jos Soumer

    Just aus Intressi...waat fir een Artikel am Code de la route ass daat, dee beseet dass ee matt Bloluucht nët méi schnell wéi 80 km/h dierf fueren an di aaner Saachen déi dir schreiwt nët soll maachen???

    Ech free mëch op eng Aentwert. Merci.
  • G. M. meint:
    12.07.2010, 22:37 Uhr
    Wat hun Leit hei Mehnungen, Verschidener häten woul besser Groperenbauer ze gin (neischt geint Baueren) mais bekanterweins hun dei.... , dei deksten Gromperen. Ech sinn en fridlechen Mensch, mais wann en aneren an gefor as, ass et meng plicht als Bierger him ze hellefen. Ech dinn kengem eppes zu led, an hat nach nie eng Kläp. Et dass awer schon vierkomm dass ech en oder den aneren Delpes hun missen roueg stellen, well den eng aner Persoun kierperlech ungegraff huet. DAT AS MENG PFLICHT ALS BIERGER AN ENGEM FRAIEN LAND. Aneschters wär et non assitance à personne en danger. An wann et net aneschtes geht, an dei anerer Persou dei agressiert get, fir hiet liewen ze retten muss dei aner Persoun dobei muss embregen, well et net aneschtes geht, dann machen ech dat, och wann ech mech dono vun Gericht muss verentwerten.
    Ech sinn 66 gebuer, an hun vill Leit keen geleiert dei den Krich materlieft hun. Ech hun den courage den dei Leit haten dei sech fir et Liewen mat hierem Liewen vu denen aner Matbierger angesat hunn emer bewonert, an bewonneren se nach haut. Däer Leit dei ewechgekut hun goufen et der genuch. Dei dat probeiert hun ze rechtfärdechen well se wechgekuckt hun, wann hier Noperen déportiert ginn sinn, oder an et Villa Pauli "inviteiert" ginn sinn.. wei huet en nach domols dei Leit genannt.. (vernannt).

    En aner Urtell wär emg konfirmatioun fir dei Leit dei ewechkuken wann et em et Liewen an et Fraihet vun aneren geht.

    Et Leit dei domols ewech gekut hun waren och Leit dei sech hanert virschrefften verstop hun. Well et waren domols virschreften.

    An wat soll dat mat der Police.. mengt der dei hätten keen gesonden Menscheverstand?
    Gesetz as Gesetz, mais emmer geht et Meschlechnleiwen fir (am cader vun den Menscherechter)
    Oder wellt der Leit dei domols geint "Gesetzer" (Rassengesetze, an all dei aner Sauereien) verstouss hun, haut verurteelen?

    Armt Letzebuerg, dat as aus ons ginn. Klengkareiert.. an eis Nationaldevis as " mir wellen beleiwen wat mir sinn".
    Ma dann bleiwen ech leiwer och wat ech sinn... en humanist den sech fir seng Matbierger asetzt, anplatz sech hanner dommen ausrieden ze verstoppen.

    Ma wou sinn mer dann....?

    Och fir dei Leit dei en net wellen wouer hun, an egem fraien Land wou et Meschlechket vun eiser Justiz nach emmer heichgehalen get.
    Ech stin zu menger Mehnung an doweinst enerschreiwen ech och mat mengem ganzen Num.

    Guy Munhowen

    Ps: dei Leit dei hei SKANDAL geint dat Urdtell brellen sinn den eigentlechen Skandal
  • Nic Scheitler meint:
    12.07.2010, 22:16 Uhr
    Deen,deen nach nie ze séier gefuer ass därf sech hei melden.Fir de
    Rescht vun der AFFAIRE keen Komentar mee.
  • Marc HOELTGEN meint:
    12.07.2010, 20:56 Uhr
    Et ass jo rem en genoss, mat weiengem Hallefwessen hei rondrem jongléiert get. Mam Fait unsech huet daat jo rem iwerhaapt naischt ze din...
    @Jos Soumer : 80 km/h innerorts maximal bei Eildenscht ??? Wou steet daat? Weisst mir deen Artikel...
    Den Art 39 resp. 44 aus dem Code de la route reegelt den Eildengscht... liest deen mol duerch eier hei op Tromm geschloen get.

    Et huet naischt mat Frust oder soss eppes ze din, egal op vun Police oder Protex Sait, mais komm mit bleiwen einfa bei der Wourescht...

    Et get gin der op 2 Saiten dei hier Arbescht korrekt an gudd wellen maan an och daer anerer, dei mengen mat der bloen Luucht wier Physik ausser Kraaft gesaat an se kenne maan waat se wellen...

    Mais ech muss am allgemengen soen, datt wann ech mat der bloer Luucht an Sirene fueren, mech mol net trauen op daer Plaatz mat 100 km/h Tacho ( woubai reel gemoossenen Waert vun 106 km/h en Tachowaert vun ca. 120 km/h entsprecht )ze fueren, well et ganz einfa ze gefeierlech ass.
    Do ass eng oniwersiichtlech Kraizung (Richtung Bous) an et sin en puer Zebrastraifen do, also meiglech Leit dei iwer Strooss gin.

    Wann ech mer also virstellen, datt do een ouni Sirene an Blooluucht mat 106 km/h kennt, deen also net an Uecht geholl get, dann muss ech mech wirklech froen, ob do Gefoor vir op den Asatz ze kommen net iwerproportional heich ass, par rapport zum Asaatz.
    Waat wier geschitt, wann do een aus enger Afaart oder aus der Kraizung rausfiert...
    Haet mol gaer do Reaktioun gesin, ob sämtlech Fraiwelleger vun der Protex och dann nach sou hannert him gestaan haeten...

    Mais sou ass alles gott sei dank gudd gaang.
    Dei aner Froe dei ech mer stellen ass, wei wait kann een lo deen "Etat de nécessité" zéien....
    Ech heieren Excusen lo schon.... "Main Kand ass krank", "Mir ass schlecht" , "Ech muss main Fliiger kreien" asw....
    Lossen mer mol kucken...

    Just vir daat kloerzestellen, ech hun decken Respekt virun den fraiwellegen Jongen an Meedercher, dei hier Fraizait, nuets an och den Weekend opferen, mais enner realisteschen Aspekter muss een soen, datt et einfa immens gefeierlech war.
    Wann en mat 70 amplaatz 106 gefuer wier, haet en vlait maximal 30 Sekonnen verluer, wier dofir awer mei secher unkomm an mir keinten eis daat hei spueren.
    Den Problem muss an mengen Aan sou ugepaakt gin, datt sou gefeierlech Fahrten an den Zenter an Zukunft mussen emgaangen gin iwer eng permanent Présence am zoustaennegen Zenter. An daat net vir naischt...
  • Dan T. meint:
    12.07.2010, 19:44 Uhr
    @Gilles Peters. Denken net dat den Samu ze speit kennt, well d'Besatzung net nach fierdrun muss an de Bau fueren.
    Et ass scho gudd dat freiwelleger do sin dei hier Freizeit opferen fier aneren ze hellefen, mee et ass sou lues un der Zeit d'Rettungswiesen hei am Land vun Grond und nei ze struktureieren..
    Bei verschidden Saachen gin d'Suen zur Fenster eraus geheit, de Rettungsdingscht MUSS professionaliseiert gin. 5 bis 6 daer Zentren mat enger Greisst sou wei d'Beruffspompjeen an der Staat duerch d'Land verdeelt. Eis Regierung schwetzt scho jorelang dervun, et get heich Zeit dat mol gehandelt get, schwetzen aleng dingt neischt...
  • .. Noni meint:
    12.07.2010, 18:03 Uhr
    Das Urteil ist für mich in Ordnung aber man sollte dem Helfer nahe legen, dies nicht mehr zu tun, also mit so einer Geschwindigkeit durch Dörfer zu rasen da es sonnst ein Freifahrtschein werden wird. Das heisst nicht, dass ich den Helfer unterstütze weiter so zu den Einsätzen zu rasen!!
    Wenn ich hier manchen Kommentar lesen hätte man ja besser den Helfer zu lynchen, Ihn einzusperren .... ich war froh als die Helfer zeitig bei mir waren als ich Sie brauchte, ob mit 60 kmh oder 90 kmh oder 110 kmh, Hauptsache Sie waren da als ich Sie dringend brauchte.
    Also lasst den Mann in Ruhe denn sein Nervenkostüm wird wohl anständig beschädigt sein und wesshalb ... weil er helfen wollte und sein Tacho nicht im Auge behielt.
    An den Helfer.: fahren Sie das nächste Mal mit 50 kmh und man wird Sie verurteilen weil Sie unterwegs geschlendert haben !!
    Ich danke jeden Helfern weil SIE mir mein Leben gerettet haben und zeitig da waren! Jetzt könnt Ihr von mir denken was Ihr wollt!!
    Nette Grüsse an Alle Komentarschreiber und Nurleser.
    Noni.
  • Jos Soumer meint:
    12.07.2010, 15:58 Uhr
    Iwrigens dir Heeren vun de Police: Och wann dir mat "Sonderrechter " sprech Blolucht an Sirene ennerwee sidd: héi seet de code de la route daat eng vitesse vun 80km/h nit soll iwerschratt gin an dat de code de la route nit opgehuewen ass wann een mat "Sonderrechter" ennerwee ass. Do mussen verschieden Damen an Herren vun iersch sech mol drun haalen well och dir fuhrt net emmer ganz katholisch mat ären Gefiehrer am Aasatz duerch Géigend a sidd selwer ab und zu eng Zumudung an eng Gefohr fir annerer am Trafic. Also ihr dier hei ären Frust iwert eis freiwelleg Leit vun Protex a Pompjeen hei ofgitt, huelt iersch mol fir d'eicht selwer mat der Nues !!
  • Steve Gabriel meint:
    12.07.2010, 15:47 Uhr
    Nee Romain falsch ganz falsch ech hun neischt geint d'Police, och wann ech neet emmer maat allem anverstannen sinn waat sie machen, ech hun schons guer neischt geint eis Pompjeen oder Protection Civile, ech hun eppes dergeint wann den gesonden Menschenverstand ausgeschalt geet.

    Esou einfach ass daat.

    Wann een SAMU op der Plaatz ass dann muss neet een maat 106 duerch een Duerf briederen.

    Oder dach? Besonnesch wann een schons eng Kéier negativ bei der Police opgefall ass! Waat jo hei laut Medien den Fall wor.

    Den dooten Mann schengt een Gasfouss ze hun...an geheiert dommader neet op eng Ambulanz.

    Zu eiser CROIX ROUGE: Daat wor menger Meenung no eng Aktioun dei se sech hätten erspueren kennen. Eis Armei maat hierer Wasserobberedungsanlach wier do besser am Aasatz gewiescht. Dei hätten sech och kinnten verteidegen waat eng Croix Rouge neet kann.

    Gesonden Menschenverstand aalt erem eng Kéier :-)

    Betreffend dei Anbrech:

    Ma ech hun leiwer eis Police fiert am Daag duerch eis Wuhnquartieren wei daat se mam Radar den Familienpapp maat 56 opschreiwen!!!!

    Ech sinn awe dofier daat se den RASER maat 106 direkt aus dem Verkéier zéien!

    Dier erennert iech: GESONDEN MENSCHENVERSTAND!

    Maat zwee Féiss um Buedem! Neet mei an neet manner.

    Daat Urteel do ass een Skandal!

    An wann ech gesinn daat elo hei schons revendiquéiert geet daat op PRIVAT Autoen blo Luuchten sollen mais dann GUTE NACHT LUXEMBURG.

    Zu Moskau geet daat, do huet all Bierger den 100 Dollar un d'Miliz kann bezuelen esou eppes am Auto mais mier sinn hei neet zu Moskau.

    An ech hun neischt geint Pompjeen, Police oder Protection Civile an och neet geint d'Croix Rouge, den Kleeschen an den Housecker!

    Ech hun eppes geint Léit dei vum System profitéieren...an dann nach esou wei hei vun engem skandaléisen Urteel Recht kréien.

    Also Romain neet direkt klappen, sachlech iewerleen!

    An wann ech rennen Romain, ech bevierzugen mei schnell fueren wei erlaabt, daat ass zu Rennen een Ennerscheed...dann secher neet an enger Uertschaft well do kinnt zu all Moment een Kand iergendwou erauskommen...daat hatt den dichtegen Ambulancier an sengem Aasatzstress wuehl viergiess.

    Wann ech also mol mei schnell fueren, waat schons emol vierkennt Romain daat ginn ech zu, dann op enger Autobunn.

    An wann ech erwescht ginn dann hatt ech eben Pech.

    An zum Reiner HESSE:

    Sollten sie das Urteil haben, dann wäre es nett dieses dann auch dem geneigten Leser und mündigen Bürger zur Verfügung zu stellen.

    Dieses Justizirrtum sehe ich mir gerne an. Das Urteil ist ein Armutszeugnis für unsere Justiz und ein Skandal gegenüber jedem rechtschaffenden Bürger der sich an die Spielregeln hält.

    Wäre der schnelle Helfer mit 70 Km/h gefahren wäre ich in einigen Punkten ihrer Meinung, mit 106 Stundenkilometer ist man jenseits von Gut und Böse.

    Und so einer darf noch Krankenwagen fahren??? Kein Ruhmesblatt für unseren Zivilschutz.

    Und dabei bleibe ich
  • Reiner Hesse meint:
    12.07.2010, 14:46 Uhr
    Das Urteil erfolgte mit dem Tenor welcher von mir erwartet worden war. Im Gegensatz zu manchen Kommentaren bedeutet es eben keineswegs einen "Freifahrtschein" für Blaulichtraser. Vielmehr hat das Urteil Bezug genommen auf einen sehr spezifischen Einzelfall in welchem es um eine klassische Rechtsgüterabwägung ging. Hieraus lässt sich eben nicht allgemeingültig ein Recht zum Rasen unter Blaulicht ableiten. Man sollte sich schon die Mühe machen und das Urteil in Gänze lesen.
    Genausowenig wie das Elektrohandwerk dem Lehrling eine Verdrahtung nach dem Motto "Gutes Kabel, böses Kabel" beibringt, ist die Welt ist nicht scharz-weiss und die Strassenverkehrsordnung war eben in diesem Fall das minderwertigere Rechtsgut, d.h. hatte in diesem Fall dem höherwertigeren Rechtsgut zu weichen.
    Ein Beharren auf rechtspositivistischen Positionen ist keinesfalls Kennzeichen eines Rechtsstaats sondern eher eines kindlich-vorpubertären Rechtsverständnisses frei nach dem Motto "das steht nun mal so im Gesetz". Es zeichnet die Justiz geradezu aus, dass sie sich nicht solchen simplistischen Vorstellungen gebeugt hat.
    Der Gang zur nächsthöheren Instanz durch die Staatsanwaltschaft war eher politisch-populistischer Erwartungshaltung als juristischer Logik geschuldet. Es handelte sich sozusagen um "Knock Out mit Ansage".
    Es gibt Prügel die man sich nicht auch noch abholen muss.
  • Armand Weber meint:
    12.07.2010, 14:35 Uhr
    Super daat Urteel do. Daat ass en Fraibréif fir all Hobby-Rennfahrer an en Frust-Urteel fir all Polizist. Wiesou soll een sech dann nach d'Méih maan fir een "Raser" unhaalen an vill Pabeierkrich ausfëllen sowéi "onnëtz" Protokëll schreiwen? Amstand et ass en vun der Protex, an all Arbecht ass ëmsoss!!? Elo kann ALL Mënsch sech op daat Urteel do beruffen an an allem en "état de nécessité" gesin. BRAVO Lëtzebuerger JUSTIZ!!!
  • Romain .. meint:
    12.07.2010, 14:33 Uhr
    @Steve Gabriel Apropos - hunn mer ären Kommentar mol ugekuckt..
    - - - - - - - - - -
    16.01.2010 15:31 Uhr, Gestank und Unsicherheit stellen die Helfer vor Probleme
    -
    Do wollt der gären déi Lëtzebuergesch Hondsstaffel doheem loossen - wëll et op der enger Säit ze vill kascht, op der anerer Säit hätt der gären Leit doheem déi kennen hëllefen wann zu Lëtzebuerg eppes lass ass. Ausser déi stinn am Stau.
    - - - - - - - - - -
    Den 20.04.2010 18:27 Uhr Neue Runway - Frankfurt Hahn: Flugverbot für Großbaustelle genutzt
    -
    Do kréien Ministeren een hannert den Deckel...
    - - - - - - - - - -
    Den 27.06.2010 11:32 Uhr Polizeiberichte - Vandalen, Graffiti-Sprayer und Brandstifter
    -
    Gi der den Beschützer vun klengen Meedercher
    - - - - - - - - - -
    Den 07.07.2010 16:46 Uhr, Fünf Täter gefasst Beute aus über 80 Einbrüchen sicher gestellt
    -
    Do protegéiert der Polizei - mä pickt géint déi déi mam Radar nosëtzen.
    - - - - - - - - - -

    Fazit - dir hutt eppes géint Hëllefsequippen, d'Politik an e besschen géint Polizei ;-)

    Ausser déi Kontrolléieren op der net ze vill rennt - woubäi dir jo dat ni géift maachen - der seet jo keen vun enger Hëllefsequippe ;-)
  • Ano Chrescht meint:
    12.07.2010, 14:10 Uhr
    De gesondene Mëscheverstand huet sëch mol éng Kéier duerchgesaat.

    Déi Leit missten éng mobil blo Luucht mat Siren kréien. Da kinnten se op sëch opmierksam maachen eben wéi eng Ambulanz.

    Merci, Jongen a Mederscher vun der Protex, ech op d'manst weess ze schätzen waat der fir eis maacht.
  • Jos Soumer meint:
    12.07.2010, 13:56 Uhr
    N.G: Waat hescht hei Rallyelizenz ???? Aplaatz dat denen Jongen an Medercher vun den Hellefsdëngschter déi sech Daag an Nuecht 24/24 Stonnen freiwelleg zum groussen Deel (dei Mécht gin nach schaffen derbei!!) fir eis d'Land asetzen Stëng an de Wee geluescht kréien, soll dir frouh sin dat mir iwerhaapt nach sou Leit hun dei am Dëngscht vun hieren Matbierger stin !! Ouni Sie gif hei am Land an Punkto Rettungswiesen jo guer neicht méi laafen !!! An iwerhaapt wann Sie ze spéit op den Aasatz kommen egal duerch wat fir een Emstand och emmer, da sin et esou Léit ewéi dir déi dann als éicht iwert se hierfaalen an déi dann jéitzen fir dat déi Léit an hieren Aasatzzenter rennen dierfen!!!
  • Romain .. meint:
    12.07.2010, 13:26 Uhr
    Léiwen Här N.G.
    Nee dës Urteel bedeit keng Rallyeslizenz. De Richter(in) huet geurteel op "Etat de nécessité". An een Pompjee oder sou kréien keen "Etat de nécessité" wëll se net am éischten Ugrëff setzen, eng Uelechspuer wegmescht oder e Bëschbrand bekämpft. Den Ambulancier net wann en ee Krankentransport mëscht... Den Protextaucher net wann en eng Waasserléich biergen gëtt... D'Hondsstaffel net wann se no Léichen oder Vermësster sichen...
    En "Etat de nécessité" ass schonns gutt begrenzt.
    Mä ech gesinn dass der net vill Vertrauen an är hëllefsbereed Matmënschen hutt.
  • Steve Gabriel meint:
    12.07.2010, 13:02 Uhr
    Daat Urteel do ass een Riesen Skandal an dei Richteren do sollten sech bewosst sinn, daat sie maat der dooten Argumentatioun dem SCHMOUH an ABUS bei den freiwellegen Hellefsdengschter Dier an Angel GROUSS opgemacht hun!

    Elo geet eet also duer fier an d'Protection Civile oder bei d'Pompjeen ze goen fier dierfen bei all Aasatz (wou fenkt dann desen Etat de nécessité un an wou héllt een op????) wei een Wellen duerch eis Dierfer ze rennen.

    Den Problem ass, daat op 99 % SERIEUS Freiwelleger emmer 1% vun Möchtegern Rallyfuehrer maat Blaulichtjunkiesyndrom derbei ass an daat an Kombinatioun maat Stress an Adrenalin, den bei engem unstehenden Aasatz emmer do ass, daat ass den Menu fier een schwéiert Accident an der kommender Zukunft.

    An dann weerten mer gesinn wei séier d'Vox Populi geint se all jéitzt an dann erem all sérieusen Secourist an Pompjee muss drenner leiden, well een sech den Batti gestaalt huet.

    Loss mer hoffen daat eet nie esouweit kennt!!!!

    An wiesou geet esou een Mann freigeschwaat wann den schons eng Kéier bewiesen huet, daat een privat viel ze viel séier mam Auto ennerwee wor.

    Ass daat den Typ Freiwelleger dei eis Protection Civile sicht?

    Ech hoffen neet!

    Op aller Fall huet eis Justice erem androcksvoll bewiesen, daat se an punkto Qualitéit noléist.

    Maat enger Suspension du Prononcé wier daat dooten och gudd gewiescht.

    Esou huet eis Justice d'Police aalt erem eng Kéier désapprouvéiert (mais daat ass jo emmer mei den Fall wann een sech een bessen an der Newswelt hei zu Létzebuerg schlau mecht) an engem Raser den sech selwer, seng Frendin an alleguerten dei aner op der Stross do an Gefoor bruecht huet och nach een propperen Freisproch spendéiert.

    An wanns de dann neet gess.....soen mier am Minette!

    An den Herr den als ex Zenterchef als eischten den Mond grouss opgemacht huet, an medienwirksam am Rampenlicht stung, den dierf sech och mengen!

    Staatléch gefördert Rennfahrer ouni Rennfahrerlizenz op der öffentlécher Stross!

    Abee merci!

    Schued fier den Renommé vun all sérieusen Secourist an Pompjee hei am Land...an daat sinn dei méscht vun hinnen, ech kennen der eng Yet!

    Mais den dooten Herr...den dierft nie mei op enger Ambulanz fueren, op aller Fall neet wann ech Zenterchef wier.

    Respekt fier all sérieusen Freiwellegen hei am Land, op elo Pompjee oder Protection Civile.

    KEEN Respekt fier den dooten Herr den elo weider dierf Ambulanz fueren oder?????? Majo dann.....
  • Gilles Peters meint:
    12.07.2010, 12:48 Uhr
    Ech weilt gären mol wessen waat dei Leit deen daach maan wu et op all Sekonn unkennt well se graad doheem um krepeiren laien awer den Samu leider 2 Minuten ze speit kennt well den Code de la Route eben mi wichtech war... dann gett och rem gemeckert dass se jo awer och eng keier keinten eng ausnahm maan....
  • Frank Klein meint:
    12.07.2010, 12:03 Uhr
    @N.G.: Leider sidd dir offensichtlich kee Jurist, soss gif der keng esou Dommheeten vun ierch gin. Wannet hei e Skandal guef, dann leit deen do dran dass de Procureur sech esu dru gehaalen huet, well den état de nécessité ganz offensichtlëch as! Aert "gesundes Volksempfinden" leit falsch!
  • N. G. meint:
    12.07.2010, 11:42 Uhr
    Dest Uerteel ass e SKANDAL!
    Lo huet een jo schon baal eng Rallyeslizenz wann een an der Protex an an de Pompjeen ass.
  • Romain .. meint:
    12.07.2010, 11:08 Uhr
    50km/h?
    No mengen Informatiounen woren virum Duerfschëld gemooss ginn -> also 90km/h? Mä kann och falsch léien...

    3ten Fräisproch - hoffen dass een dann zu Lëtzebuerg fräi ass? Mä een blod An huet behalen souwéi sécher eng Léier gezunn... 1 Joer - schëlleg - net schëlleg - schëlleg - wat muss dat e psychologeschen Drock gewiescht seen... an wëss hien op en lo fräi ass? Vläicht iergendwou een Formfeeler? An wann hien nach mol iergendwou eng kommen léisst - dann gëtt direkt rëm op déi al Geschicht gepucht...

    Wéi gesott - keen huet een Fräischéin op der Stross... An mer sen awer all glëcklech wann eng Hëllef schnell do ass, dofir wëllen mer awer op kengem Fall méi Stéieren ze bezuellen.

    Ech wënschen Iech all eng gudd Gesondheet
  • .. Ludes meint:
    12.07.2010, 11:05 Uhr
    ... ohne Worte ...
  • Jay Anders meint:
    12.07.2010, 11:01 Uhr
    Gut so, aber daraus soll nicht ein permanenter 'Etat de nécessité' enstehen.....