Unesco
19.02.2009 12:06 Uhr, aktualisiert 19.02.2009 16:24 Uhr

Luxemburgisch - eine gefährdete Sprache?



Foto: John Lamberty
Der neue Unesco-Bericht hat in Luxemburg eine lebhafte Diskussion ausgelöst.

(FeMo) - Ist die Luxemburger Sprache vom Aussterben bedroht? Mit dieser Frage befasst sich auch die Unesco.

Am Donnerstag stellte die Vereinigung in Paris ihren neuen Atlas der gefährdeten Sprachen vor. Darin wird das Luxemburgische als "unsichere Sprache" geführt. "Unsicher", so die Unesco, sei die erste Stufe von fünf auf dem Weg zum Aussterben einer Sprache.

Der neue Unesco-Atlas erscheint pünktlich zum 10. internationalen Tag der Muttersprache, der an diesem Samstag stattfindet. In dem Atlas beantwortet die Unesco, warum Sprachen verschwinden, welche Teile der Welt besonders betroffen sind und was zur Erhaltung der Sprachen getan werden kann.

Interaktive Datenbank ab Samstag frei zugänglich

Nach der ersten und zweiten Ausgabe in den Jahren 1996 und 2001 wird der dritte Atlas zum ersten Mal auch als interaktive digitale Datenbank veröffentlicht. Diese Datenbank zu 2.500 Sprachen ist laut Angaben der Unesco, „das Ergebnis einer langjährigen Zusammenarbeit von zahlreichen Sprachwissenschaftlern aus aller Welt“.

Die Datenbank werde regelmäßig aktualisiert. Seit Donnerstagnachmittag ist sie über die Homepage der Unesco frei zugänglich. Nutzer können ihre eigenen Karten, Tabellen und Statistiken nach Land, Region oder Bedrohungsgrad einer Sprache zusammenstellen.

Ihre Meinung zum Thema

Hier anmelden und kommentieren
Bisher haben 20 Leser ihre Meinung zu diesem Thema abgegeben.
  • Marco EBERT meint:
    22.12.2009, 19:20 Uhr
    So ein Quatsch.
    Eine Möglichkeit, luxemburgischee zu stärken, läge darin, z.B. Verwaltungsaufgaben nicht mehr nur auf französisch zu schreiben.
  • Theo Hary meint:
    22.02.2009, 22:18 Uhr
    WAAT SOLL ALL DAAT GEDEESEMS...????
    UNESCO N'EST TOUTEFOIS...PAS N'IMPORTE QUI OU QUOI...
    IL FAUT EN TENIR COMPTE..POINT A LA LIGNE...
    WAAT KÖNNEN MIR GROUSARTEG DOGEINT SCHO MAACHEN???
    REALISTESCH BLEIWEN...
  • guido pangrazzi meint:
    20.02.2009, 08:59 Uhr
    Moien
    Esch sin an italiener und lebe in Rom.
    Ich finde die letzerbugische Sprache wirklich sehr schön und ich hoffe das wird immer mehr gesprochen.
    Sicher ist schwer zu lesen und zu schreiben aber jetzt mit die neue Mittel gibt es auch mehr möglichkeitzu lernen.
    ciao Guido
  • Hakim Sebaa meint:
    20.02.2009, 02:54 Uhr
    Ech froe mech ob dëse Rapport wissenschaftlech eescht ass. Letzebuergesch gëtt geleiert ze Letzebuerg an a Länner déi rondrem sinn, a zwar fir leit déi wellen se ze léiren fir eng Aarbecht ze Letzebuerg ze sichen.

    Wéivill Internetsäiten sinn op Letzebuergesch? Méi wéi 20, vläicht soguer 100 oder méi. Fransousen léieren Letzebuergesch a Frankreich, beispillsweis ze Lonkech, wat ech selwer wëss well ech do wunnen a Leit kennen déi Letzebuergesch mat vill Begeeschterung a Eeschthaftegkeet léiren. An der Belsch ganz wahrscheilech och, ze Tréier sécher och.

    Wann een dat kuckt, kann een soen datt se eng international Sprooch wir awer net emol an enger Sprooch déi a Gefor wir ze denken. An menger Säit hunn ech nie dat geduecht. Fir mech war se soguer e Beispill wéi e Vollek seng Sprooch retten kann. Ech hunn geduecht datt wann e Land wirtschaftlech staark ass, kann seng Sprooch imposéiert ginn.

    Kabylesch, meng Mammesprooch, eng Berbersprooch, steet net op der Lëscht vun Unesco als eng Sprooch déi a Gefor ass. Letzebuergesch steet awer do als „unsafe“. Kabylesch ass geléiert an de Schoulen an Algerien eréischt zanter e puer Joren a nemmen fir Schuler déi et wënschen; se ass facultatif. -virdun war verbueden se ze schreiwen; d’Strof war Prisong. Do ass keen Auslander, an der Kabylei, deen mengt datt Kabyleschsprooch ze léieren géif him helfen eng Aarbecht ze fannen. Leit an der Kabylei schwatzen léiwer Arabesch oder Franséisch wann et em en eescht Thema geet.

    Et gëtt eng oder zwou Internetsäiten déi op Kabylesch geschriwen sinn. (Ech sinn Webmaster vu engem vun denen.) Déi méi wéi 100 aneren Internetsäiten vun Kabylen sinn op Franséisch oder Arabesch. Et gëtt nemmen een TV-Sender op Kabylesch, BRTV, an hien kritt keng genehmigung fir vun Algerien ze senden, an hien mecht dat vu Paräis.

    Do ass bal kee Politiker deen op Kabylesch an der Öffentlechkeet schwatzt, weder an der Kabylei noch am Ausland. Am Chamber, ze Letzebuerg, bal nemmen Letzebuergesh geschwatt gëtt.
    Trotzdeem UNESCO fannt net datt déi Kabyleschsprooch a Gefor ass, awer déi Letzebuergesch dach!!!
  • Marco Pütz meint:
    19.02.2009, 21:05 Uhr
    Dat do brauch jo awer wiirkléch keen zu wonneren:
    - Am Sträit ëm di duebel Nationalitéit huet z.B. eisen gréngen Deputéierten Braz gesot, dat vill ze vill a punkto Sprooch vun den Auslänner géif verlaangt gin, well d'Lëtzebuerger Sprooch géif et jo souwisou an 100 Joer nët méi gin (!?). Déi Ausso as iwregens no kuerzer Zäit am Internet aus éngem Video erausgeschnidde gin.
    - Auslänner, déi säit 25 Joer a méi (vu virun 1984 un) hei am Land wunnen, kennen d'Lëtzebuerger Nationalitéit kréien, ouni ee Wuert Lëtzebuergésch ze schwätzen.
    Dat sin 2 Beispiller, et gët der dosenden: Wann ee Staat oder éng Partei(vläicht mam Bléck op d'Stëmmen vun den Auslänner?)hir Identitéit esou bradéieren, brauch een séch eigentléch nët ze wonneren, dat et esou wäit komm as.Vu Kollwelter % Co. mol guer nët ze schwätzen.
  • Arbeit machtSpass meint:
    19.02.2009, 18:47 Uhr
    Weider esou? Secher net. Ech schreiwen och net perfekt, mee dat dauert eben. Et as awer eng ganz aner Sach dass mir hei am Land:

    - op der enger Säit franzéisch als Amtsproch hunn (schon emol e Mémorial etc gesin deen net op franzéisch war?)

    - Strosseschelter op Franzéisch sin (Ennertitel Lëtzebuergesch)

    - Sämtlech gratis Dageszeitungen déi verdeelt ginn - op franzéisch sinn

    - an bal all Buttek franséisch geschwat gett - well d'Majoritéit vun eis et einfach net färdeg brengt zu senger Sprooch ze stoen.

    - eng grouss Lëtzbuerger Dageszeitung, déi deem Site hei no steet esouguer an hierer däitscher Ausgab Artikelen op Franzéisch dreckt (wéisou eigentlech keng däitsch Artikelen an der Voix?)

    - Lëtzebuerger an den pseudo-staatlechen Betrieber mussen franzéisch schwätzen well déi et net derwärt fannen fir eis Sprooch ze léieren. Geld vun hei as matt heem huelen as awer OK?

    All ausländeschen Kënschtler, Museker etc deen heihinner kennt mengt mir géifen all franzéisch schwätzen. Wou kennt dat wuel hier? Den Sarkozy wier villäicht frou wann mir eng Kolonie wieren, mer ech fannen, esouwäit muss et net kommen, mee dofir MUSSEN eis öffentlech Instanzen ufänken mam gudde Beispill virzegoen an endlech sämtlech Texter, Gesetzer asw op lëtzbuergesch verfassen an publizéieren. Bréissel iwersetzt dat schon - dat machen se och fir all anert Kouhduerf aus Europa. Hun mir net genuch Stolz fir eis Sprooch duerchzesetzen?

    An iwregens: ech wieren mech dergéint dass eis Sprooch en Dialekt soll sinn! Et as eng unerkannten Sprooch déi laut Unesco um ausstierwen as!

    Me bon, wann mer mussen an Däitschland oder Frankräich wunnen goen, dann kennen mir wéinstens schon emol hier Sprooch - hei gin d'Heiser go souwisou ze deier fir den Normalo.
  • Jeannot Conrardy meint:
    19.02.2009, 17:55 Uhr
    Dat Ganzt emol vun enger anerer Säit gekuckt: An deenen éischte néng Meenungsbäiträg stinn 133 Schreifweisfeeler. An dat vu Leit, déi hir "Sprooch héich halen"! An dobäi hu mer eng "offiziell Schreifweis", déi am Memorial publizéiert gouf. Weider esou??? Wierklech?
  • André FRIDEN meint:
    19.02.2009, 17:35 Uhr
    Ech sinn iwwerrascht wéi séier hei scho Meenongen zu dësem héich interessanten Thema komm sinn a proposéieren eise politesche Parteien dat do mat an hir Wahlversammlongen ze huelen an no de Wahlen och eppes ze ënnerhuelen datt eis Sprooch bestoe bleift.
    Dem Här Michel Calmes séng Meenong: "Et besteet leider just d´Gefor dat esou een Thema ganz gären an e nationalisteschen Eck ofrëtscht." ass typesch wéi sech hei zu Lëtzebuerg verstoppt gëtt fir näischt ze ënnerhuelen esou bal wéi eis auslännesch Matbierger net mat am selwechte Boot sëtzen.
    Wann e Lëtzebuerger an e Land plënnert wou déi 3 international Sproochen Englesch, Franséisch an Däitsch net déi all Dag geschwate Sprooch ass, da léiert en déi Sprooch déi do doheem ass fir sech do ze integréieren.
    A wat maache mir hei?
    Mir passen eis mat eisen an der Schoul geléierte Sproochen dene Leit un, déi net LËTZEBUERGESCH wëlle schwätzen a sech duerfir a mengen Aen och net wëllen integréieren.
    Ech hëllefe ganz gären all Auslänner hei zu Lëtzebuerg, deen LËTZEBUERGESCH wëllt schwätzen, well där Frënn hunn ech en etlech.
  • Aloyse Ney meint:
    19.02.2009, 17:22 Uhr
    A ménger Primärschoulzäit, viru ronn 40 Joër, huet de Schoulmeeschter "Här Lärrer" behaapt, mir bräichte kee Lëtzebuergesch. D'Punkten huet hie wéi hie wollt verdeelt.
    Den Direkter am Lissee huet esouguer heemléch un den Dire gelauschter op kee vu sénge Proffe géif an d'Lëtzebuergescht rutschen.
    Merci "Här Lärrer", Merci Här Direkter. Dir waart e grousst Viirbild.
  • Olaf Zimmermann meint:
    19.02.2009, 17:19 Uhr
    Hier werden mehrere Fragestellungen miteinander vermischt:

    1) Luxemburgisch als gesprochene Sprache
    2) Luxemburgisch als Schriftsprache
    3) Luxemburgisch als regionales Identitätsmerkmal

    ad 1) Luxemburgisch als gesprochenen Sprache befindet sich in einem sehr gesunden Zustand; genauer gesagt, Moselfränkisch – was Luxemburgisch eigentlich ist – ist eine Alltagssprache welche weit über die Landes- oder Großherzogtumsgrenzen hinaus verwendet wird und die Kommunikationsbedürfnisse ihrer Sprecher abdeckt.

    ad 2) Luxemburgisch als Schriftsprache ist ein pretentiöser und unlesbar krampfhafter Versuch neueren Ursprungs, auf politisch korrekte Weise einer gelebten Sprache eine Unterstützung zu bieten, welche sie überhaupt nicht braucht. Es sei darauf hingewiesen, daß in Comrie (The World's Major Languages, Oxford University Press, 1987) weder Luxemburgisch noch Schweizerdeutsch als separate Sprache geführt werden, obwohl man sie im Alltag kaum vermeiden kann, so man sich in den entsprechenden Regionen befindet. Die UNESCO Studie, welche auch Schweizerdeutsch als "unsichere" Sprache aufführt, geht offensichtlich nur von geschriebenen Bestand, also von der "Schreibe", einer Sprache aus.

    ad 3) der Gedanke, daß Sprache und Nationalität miteinander einhergehen, ist neueren Urprungs: gemäß Hobsbawm (Nations and Nationalism since 1780, Cambridge University Press, 1990), entstand er erst zu Ende des 19. Jahrhunderts, sozusagen als Spätfolge des entstehenden Nationalismus, welcher als nachträgliches Geschenk Napoleons an Europa gelten darf, mit bis zum heutigen Tage ca. 70 Millionen Toten als Folge. (NB in Frankreich ist man bis heute scheinbar noch stolz auf den kleinen Korsen.) Eine andere Spätfolge ist, daß anscheinend jeder Dialekt zur "Sprache" aufgewertet werden muß, sobald er Landesgrenzen um sich herumziehen kann ("a shprakh iz a dialekt mit an armey un flot", Max Weinreich, 1945)

    Das Luxemburger seit 1914 ein Problem haben könnten, ihre Sprache als deutschen Dialekt zu betrachten, ist zwar verständlich (in der allemannischen Schweiz hat man nicht unähnliche Probleme, welche soweit gehen, daß man dort von "Schriftdeutsch" anstatt "Hochdeutsch" spricht), aber soweit zu gehen, sich eine gekünstelte Schriftprache zu erfinden – einen Schritt, welchen noch nicht einmal die Schweizer unternommen haben – gibt es meines Wissens in der EU nur in Wales, welches von London subventioniert wird. Wer subventioniert Luxemburg?
  • François Schweitzer meint:
    19.02.2009, 16:52 Uhr
    Eng Ursaach méi datt mir eis méi fir eis Sprooch asetzen, déi Jorzéngte vernoléissegt ginn ass an elo ëmmer méi verhonzt gëtt well déi fracophon Grenzgänger einfach net lëtzebuergesch schwëtze wëllen. Also musse mir eis asetzen an eis wieren, well wéi fir eppes kämpft, dee ka verléieren...mär deen net kämpft huet schonns verluer! An e Vollek, dat seng Sprooch verléiert, dat verléiert och seng Identitéit.
  • Ender Frank meint:
    19.02.2009, 16:34 Uhr
    Ech kann mech nach erenneren, dass mer mol Letzebuergesch am Unterecht haaten.
    A wée kennt dann dan nach den Rénert oder Maus Ketty?
    Keen!!
    Ech jiddefalls haalen meng Sprooch weider héich.
  • Marc Besenius meint:
    19.02.2009, 15:34 Uhr
    Wa mir nach e bessen letzeburgesch Identiteit wellen an eiser globaler Welt behalen an emmer mei Leit aus allen Ecken vun der Welt zu Letzebuerg wunnen as et normal dat sech lues a lues eng nei Sprooch "Letzengfradeitsch" entweckelt, dovir wär et net schlecht wan eis auslännesch Matbirger dei bei eis wunnen och eis Sprooch geifen leieren. Mir Letzebuerger sin eben an der Situatioun dat mir mat eiser Sprooch net weit iwer d'Grenzen eraus eppes kennen ufänken, während dei meeschten Leit dei heihinner kommen sech bei eis weinstens mat 2-3 verschiddenen Sproochen kennen verstännegen an dovir an hiren Aen net onbedengt mussen Letzeburgesch leieren. Dat geseit een virun allem an de Geschäfter zu letzebuerg.Ouni Franseisch geet do neischt mei, mee ,wei wär et dan wann se zu Treier am Kaufhof, zu Messancy am Outlet an zu Talange an der Marque-Avenue och mol geifen ufänken Letzeburgesch ze leieren ... Op der anerer Seit,wann Letzebuerg jo lo zum Akaafsparadies get, da brauche mer jo net mei sou weit ze fueren .... vir franseisch ze schwätzen.
  • Michel Cames meint:
    19.02.2009, 15:15 Uhr
    Hei ass eng Sproochepolitik gefuerdert (cf. Fernand Fehlen). Dat wir dach eppes wou e sollt bei de politesche Parteien an der Virwahlzait uklappen. Et besteet leider just d´Gefor dat esou een Thema ganz gären an e nationalisteschen Eck ofrëtscht. A wéi den Här Michelin schreiwt, et wärd ëmstridde bleiwen. Lëtzebuergesch kann nemmen eng reel Chance hun wann et als "Mëttelssprooch" akzeptéiert gët tëschen de romaneschen an de nët-romanesche Sproochen. Souwait déi Balance nët besteet, ass déi "Mëttelssprooch" franséisch. An deem Sënn ass wuel eng Approche zum Daitschen zou baal 70 Joer nom Trauma vum 2. Weltkrich sënnvoll. Mee da gëtt et jo do nach eng Weltsprooch an déi ass Englesch ...
  • Jean-Daniel Michelin meint:
    19.02.2009, 14:12 Uhr
    Keng wirklech nei Erkenntnis. Wann ee d´letzebuerger Sprooch vun haut mat dem Letzebuerg vun virun 100 Joer (och wann et deemols nach net als eng eegen Sprooch anerkannt wor) vergläischt, kann ee gudd gesinn, dat sech eis Sprooch emmer méi A Riichtung Franséisch entwéckelt an seng däitsch Wurzelen (an ech soen net Originen ;)) ganz vergesst. Eng Léisung fir d´Erhaalen vun der letzebuerger Sprooch kennt sinn, dass ee rem méi d´Annäherung Riichtung dem Däitschen versiicht ze machen a sou vläischt net gaanz vum Franséischen kasséiert get.

    Awer am Foung natierlech eng absolut emstridden a komplex Fro, déi sech an honnert Joer heichstwahrscheinlich ze Ongonsten an ze Gonsten vum Franséischen entscheed huet.
  • Steve B meint:
    19.02.2009, 13:22 Uhr
    Genau do leit och de ganzen Problem, mer verschenken eis Sproch jo einfach esou dass de kommerz schon guer kee Letz. mei brauch.

    Ech fannen daat ganz traureg well et ass nach net esou laang hier wou eis Grousselteren sech fir eis Spproch agesaat haaten an daat haet souguer kennen em hiert Liewen goen.

    Mer als hier Kanner/Enkelen verschenken daat lo sou einfach....
  • Paul Krier meint:
    19.02.2009, 13:17 Uhr
    An laut Zeienaussoen vu Kollegen aus em Enseignement eng Ministesch, déi probéiert Propaganda ze maachen fir méi Franséisch an de Schoulen ze ënnerriichten... Maacht roueg weider esou!
  • Sacha B. meint:
    19.02.2009, 13:04 Uhr
    Ech mengen daat do sollt elo als Zeechen verstaanen ginn eppes ze maachen! Fir eis Politiker, daat si d'Situatioun em eis Sprooch méi eecht huelen, an awer och fir all aaner Lëtzebuerger. Auslänner déi wëllen Lëtzebuerger ginn sollen och lëtzebuergesch schwätzen, ech mengen daat ass jo awer den absoluten Minimum.
    Mee loossen mer jiddereen e bëssen eppes dozou bäidroen.
  • Nemo Impune meint:
    19.02.2009, 12:44 Uhr
    @Marc Wagner
    Serbokroatesch als solches ass keng Sprooch. Et ass entweder Serbesch oder Kroatesch. Nozeliesen och op Wikipedia.
  • Marc Wagner meint:
    19.02.2009, 12:33 Uhr
    Domat fir jo dann den eischten Schrett gemach fir eis Sprooch endgülteg auszeradeiren an eis national Identiteit ze ennergruewen. Ech heiren nach wei verschidden Leit sech angesaat huen fir dass een Letzebuerger keint ginn waan een och nemmen franzeisch schwetzen kann. Meng Kanner kennen kreien jo schon mettlerweil Ziedelen vun der Schoul op denen d'Informatiounen op franseisch, portugisesch an serbokroatesch stinn. Weider esou