Déi 600 éischt Kilometer si gebongt. Nach owes kuerz virun 8 sinn et 25 Grad. De Norde weist sech vu senger südlecher Säit!
Op een Hoer hat ech mech gëschter verléift. Nët an déi vill blond Meedercher, déi et hei an Dänemark gëtt, mee...
... a Midtjylland... an eng wonnerschéi Landschaft tëschent Skanderborg a Silkeborg mat vill Séier a Mënsche mat engem grousse Laachen.
Et ass mer schwéier gefall, mee hunn et schlussendlech awer gepackt, Silkeborg hannert mer ze loossen a si weider bis ganz uewen an Dänemark... op Frederikshavn gefuer.
Ech wor gewarnt... Virun Trollen a soss nordesche Kreaturen.. Mee richteg serieux hat ech dat ni geholl... Desto méi ass mer dann och de Wappes gaang, wéi ech "Trollhättan" gesinn hunn... Sollt dat ieren de Big Äppel vun der Ënnerwelt sinn? Wi ech schon emol sot, ech si kee Fäerteregen, mee ech hun awer mol besser e Bou ronderem gemaacht.
Firwat steet den X hei um Fiels? Ass hei schon de Nordpol? Dee geografeschen? Dee magnéiteschen? Oder sinn et schon erëm d'Trollen? Firwat kuckt dee Vurrel mech sou béis? A firwat kreesen déi aal amerikanesch Autoen op eemol hei ronderëm? Komesch komesch...
Alles huet roueg ugefaang, mee dunn hun op eemol an all Eck Automate geblénkt an et sinn Hostesse mat Weenercher voll mat Alkohol an Tubak opgetaucht.
Gäre wier ech an de Fëscherdierfer op der schwedescher Westküst hänkebliwwen, mee et waart nach ëmmer ee Secret op mech.
Hei ass alles an iwwerall Fjiord... A Brécke ginn et na laaaaang net iwwerall.... D'Gullbritt war do, wi ech et gebraucht hunn... An de Norden 'rëm e Stéck méi no!