D'norwegesch Traditioun wëll, datt een op all Steemännchen ee Steen dropleet, fir datt d'Trollen ee mat Rou loossen.
Wat ech méi héich an de Norde kommen, wat sech d'Landschaft och ëmmer méi verännert. Ongaaschtlech a rau ass definitif anescht.
Déi magesch Ambiance vun der Mëtternuetssonn huet mech mëttlerweil voll gepaakt. Edouard, sot ech mer, soll ech hei wierklech nach emol fortgoen?