Briefe an die Redaktion

Etymologesch Notiz iwwert den „Houséker“

Foto: Anouk Antony

Et ass scho vill driwwer räsonnéiert a spekuléiert ginn, wou eis Lëtzebuerger Sprooch hierkënnt. Sécher ass jiddefalls, datt mir nach haut eng Handvoll Stacklëtzebuerger Wierder am Gebrauch hunn, déi soss iwwerall am germanesche Raum ausgestuerwe sinn, an déi awer am mëttelalterlechen Däitsch (mittelhochdeutsch) gebräichlech waren. Aus aktuellem Anlass (Niklosdag) hiewen ech haut gär een etymologescht Derivat aus där Zäit ervir: den „Houséker“ (Miseler Dialekt: „Husiker“). Dozou fanne mir am „Mittelhochdeutsches Lexikon“ vum Matthias Lexer (S. Hirzel Verlag, Stuttgart), dat Wuert „die hosecke“ oder „die husicke“ mat der neidäitscher Iwwersetzung „Mantel“. Den Houséker ass also, am Géigesaz zu sengem Här, dem Kleeschen, deejéinege Begleeder, dee keng Mitra unhuet, mee nëmmen e Mantel. Ob awer an der mëttelhoudäitscher Sprooch – virun oder niewent dem „Knecht Rupprecht“ – dat Wuert „hosecker“ oder „husicker“ och an aneren däitsche Géigende bekannt war, léisst sech net méi feststellen.

Nico Thewes